Den Heischter

Vu Wikipedia
Den Heischter
Typ Sàrl
Slogan Mit Heischter geht's leichter
Grënnungsdatum 2008
Sëtz 28, Am Eck
L-9157 Heischent
Lëtzebuerg
Leedung Benny Wallers
Gerant
Produit Béier
Homepage www.heischter-beier.lu

Den Heischter ass eng lëtzebuergesch Mikrobrauerei am Naturpark Uewersauer. Uganks huet se zu Eschduerf gebraut an zanter 2019 a méi grousse Raimlechkeeten zu Heischent an der Gemeng Esch-Sauer.

Si ass 2008 gegrënnt ginn a gehéiert dem Gedrénkshändler Benny Wallers. D'Brauerei produzéiert ronn 30.000 Liter Béier d'Joer[1].

Béierzorten[änneren | Quelltext änneren]

  • Den Heischter
  • Mockelchen

Wéinst der klenger Produktioun gëtt de Béier nëmmen op e puer Plazen an an e puer Wiertschafte verkaaft[2],[3].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Brasserie op industrie.lu (gekuckt de 14. Januar 2017)
  2. Mousser sans prétentions: gescannten Artikel aus dem Tageblatt vum 12. Juli 2007 op gambrinus.lu (2)
  3. Den Heischter - Verkauf. www.heischter-beier.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.