Departement Aisne

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Aisne (02)
Regioun Hauts-de-France
Prefecture Laon
Ënnerprefecture Château-Thierry
Saint-Quentin
Soissons
Vervins
Bevëlkerung 535 489 Aw.(1999)
Fläch 7 369 km²
Arrondissementer 5
Kantonen 21
Gemengen 805

D'Aisne ass eent vun den 83 franséischen Departementer déi 1790 gegrënnt goufen. Den Departement gouf aus Territoirë vun der Île-de-France an der Picardie zesummegestallt.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Departement kann a véier grouss Géigenden opgedeelt ginn:

  • Am Nordwesten de Vermandois, läit am Norde vum Paräisser Baseng tëscht der Picardie an der Thiérache. Et ass d'topographesch Schwell tëscht dem Paräisser Baseng dem Hainaut an de Flandern. Den Ënnergrond vum Buedem besteet aus Kräidformatiounen iwwer deene Leemschichte leien. Et ass eng Géigend an där Weess an Zockerrommelen intensiv ugebaut ginn.
  • Am Norden d'Thiérache e Glacis dee vun enger Héicht vun 250 Meter an déi Grouss Flossdäller vun der Sambre am Westen a vun der Serre am Süden offält, a vun der Oise an hiren Nieweflëss duechschnidde gëtt. Landwirtschaftlech gëtt Véizuucht a Mëllechwirtschaft bedriwwen. Als Industrie gëtt et e puer Metallveraarbechtungsbetriber an Textilatelieren zu Fourmies, Hirson an zu Anor
  • Am Zentrum de Laonnois, d'Géigend ëm Laon mat leemege Biedem am Norde wou Weess, Zockerommelen a Fudderplanzen ugebaut ginn.
  • Am Süden de Soissonnais um lénksen Uwänner vun der Oise, eng Géigend duerch déi vun Osten no Westen d'Aisne leeft. Et si grouss landwirtschaftlech Flächen haaptsächlech mat Wess a Rommelsubau déi vun de Flossdäller vun der Ailette an der Vesle duerchschnidde ginn an an deenen haaptsächlech Wisen a Geméiskulture sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aisne – Biller, Videoen oder Audiodateien