Departement Aveyron

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Aveyron (12)
Logo Aveyron.jpg Wopen Aveyron.png
Regioun Blason Languedoc.svg Midi-Pyrénées
Prefecture Rodez
Ënnerprefecture {{{Ënnerprefecture}}}
Bevëlkerung 271 200 Aw.(1999)
Fläch 8 735 km²
Arrondissementer 3
Kantoner 46
Interkommunalitéiten 35
Gemengen 304
Aveyron-Position.svg

Den Aveyron (12) ass e franséischen Departement, an der Regioun Midi-Pyrénées, dee säin Numm vum Floss Aveyron huet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Departement Aveyron ass ee vun den 83 Departementer déi während der Franséischer Revolutioun de 4. Mäerz 1790 opgrond vun engem Gesetz vum 22. Dezember 1789 gegrënnt goufen. En entsprécht méi oder wéineger dem Territoire vun der fréierer Provënz Rouergue.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Aveyron gehéiert zu de Midi-Pyréenées, a stéisst un d'Departementer Tarn, Tarn-et-Garonne, Lot, Hérault, Gard, Lozère a Cantal.

Déi héchst Plaz am Aveyron ass op Les Cazalets an de Monts d'Aubrac op 1.463 Meter.

Den Aveyron ass an e puer natierlech Géigenden agedeelt, wéi z. B. d'Rougiers.

E besteet haaptsächlech aus Fielsplateauen déi vun deiwen Däller gespléckt ginn, an deenen d'Flëss Truyère, Lot, Tarn, an Aveyron fléissen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aveyron – Biller, Videoen oder Audiodateien