Departement Haute-Saône

Vu Wikipedia
Haute-Saône (70)
Regioun Bourgogne-Franche-Comté
Prefecture Vesoul
Ënnerprefecture Lure
Bevëlkerung 229.732 Aw.(1999)
Fläch 5.360 km²
Arrondissementer 2
Kantonen 32
Gemengen 545

D'Departement Haute-Saône (70) ass e franséischt Departement, an der Bourgogne-Franche-Comté. Säin Numm huet et vun der Saône, déi hei derduerch leeft.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Departement Haute-Saône gouf zesumme mat 82 aneren Departementer ënner der Franséischer Revolutioun, de 4. Mäerz 1790 op Grondlag vum Gesetz vum 22. Dezember 1789 geschaf.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Haute-Saône ass en Deel vun der Regioun Bourgogne-Franche-Comté. D'Departement grenzt un dat vun der Côte-d'Or, Haute-Marne, Vosges, un den Territoire de Belfort an d'Departementer Doubs a Jura.

2250 km² vum Departement si Bëscher, wouvun 1220 km² a Gemengebesëtz.

Demographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Awunner ginn op Franséisch Haut-saônois(es) genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Haute-Saône – Biller, Videoen oder Audiodateien