Departement Moselle

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Moselle (57)
Blason département fr Moselle.svg Logo moselle57.gif
Moselle-Position.png
Regioun Blason Lorraine.svg Loutrengen
Prefecture Metz
Arrondissementer
Metz-Ville
Metz-Campagne
Ënnerprefecture Boulay-Moselle
Château-Salins
Forbach
Sarrebourg
Sarreguemines
Diddenuewen
mat:
Thionville-Est
Thionville-Ouest
Bevëlkerung 1.023.447 Aw.(1999)
Fläch 6 216 km²
Arrondissementer 9
Kantoner 51
Interkommunalitéiten 39
Gemengen 730

Den Departement Moselle (57) ass e franséischt Departement, dat nom Floss Musel (fr.: Moselle) genannt ass.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geschicht

Wéi déi meeschten aner Departementer, gouf d'Musel-Departement de 4. Mäerz 1790 an der Folleg vun der Franséischer Revolutioun gegrënnt. Et ass aus dem nërdlechen Deel vun der deemoleger Provënz Loutrengen ervirgaangen, a seng Grenz gouf bis 1815 e puer Mol liicht verännert. D'Stied Saarbrécken a Sarrelouis hunn zäitweileg derzougehéiert.

Deemools war d'Departement a 4 Arrondissementer ënnerdeelt: Metz (Chef-lieu), Briey, Sarreguemines an Diddenuewen.

Den 18. Mee 1871 huet Däitschland e groussen Deel vum Departement annexéiert. Just dee westlechsten Deel blouf franséisch, a gouf an dat nei geschafent Departement Meurthe-et-Moselle agegliddert.

1919, nom Traité vu Versailles goungen déi loutrengesch Territoiren nees hannescht u Frankräich. Zesumme mat engem Deel vum fréieren Departement Meurthe gouf d'Moselle nees nei als Departement gegrënnt (mat den Arondissementer Boulay-Moselle, Forbach, Metz, Sarreguemines, Diddenuewen, Château-Salins a Sarrebourg), woubäi d'Ofgrenzung zur Meurthe-et-Moselle dem franséisch-däitsche Grenzvelaf vun 1871 no gemaach gouf.

Am Zweete Weltkrich gouf d'Moselle an de Gau Westmark integréiert, zesumme mam Saarland an der Pfalz. D'amerikanesch Truppen hunn der Okkupatioun en Enn gesat, wann och verschidden Uertschaften hu misse bis Mäerz 1945 waarden, bis se befreit goufen.

[änneren] Geographie

D'Moselle ass Deel vun der Regioun Loutrengen. Et grenzt un d'Departementer Meurthe-et-Moselle a Bas-Rhin, an un Däitschland a Lëtzebuerg.

Gréisser Stied: Saint-Avold, Creutzwald, Hayange, Hagondange.

Waasserleef: Musel, Saar, Seille.

[änneren] Bevëlkerung

D'Awunner gi Mosellan(ne)s genannt.

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Moselle – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen