Departement Sambre-et-Meuse
D'Departement Sambre-et-Meuse, war e fréiert franséischt Departement deem säin Haaptuert Namouer war.
D'Departement gouf den 1. Oktober 1796 gegrënnt, wéi déi Territoiren, déi haut der Belsch a Lëtzebuerg entspriechen, un dat revolutionäert Frankräich ugeschloss gi waren (1794/95). D'Departement huet 1814/15 der Provënz Namur Plaz gemaach. Dobäi sinn al-lëtzebuergesch Gebidder wéi La Roche-en-Ardenne, Durbuy, asw., déi dem Departement zougeschlo gi waren, dem neigeschafene Groussherzogtum Lëtzebuerg zougesprach ginn.
|
||||||
|
Departementer an der Belsch an Holland an zu Lëtzebuerg : Bouches-de-l'Escaut | Bouches-de-l'Yssel | Bouches-de-la-Meuse | Bouches-de-Rhin | |
||||||