Der Himmel über Berlin

Vu Wikipedia
Der Himmel über Berlin
Film
Produktiounsland Däitschland
Frankräich
Produktiounsjoer 1987
Première 17. Mee 1987
Dauer 128 min
Faarf Faarweg,
Schwaarz-Wäiss
Format - Estmancolor
Schwaarz-Wäiss
1,66:1 -
Filmformat 35 mm
Originalsprooch Däitsch
Franséisch
Englesch
Ekipp
Regie Wim Wenders
Dréibuch Peter Handke
Wim Wenders
Richard Reitinger
Fotografie Henri Alekan
Musek Jürgen Knieper
Schnëtt Peter Przygodda
Dekoren Heidi Lüdi
Produzent Anatole Dauman
Wim Wenders
Road Movies Filmproduktion
Westdeutscher Rundfunk (WDR)
Argos Films
Schauspiller
Bruno Ganz als Damiel
Solveig Dommartin als Marion
Otto Sander als Cassiel
Curt Bois als Homer
Peter Falk als de Filmschauspiller
Nick Cave
Lajos Kovács
Chick Ortega
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Der Himmel über Berlin ass en däitsch-franséische Film vum Wim Wenders aus dem Joer 1987.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Den Engel Damiel an den Engel Cassiel observéieren d'Welt zu Berlin. Den Damiel ass net méi zefridde mat sengem éiwege Liewen als Engel. Hie verzicht op seng Onstierflechkeet an hëlt um Liewen vun de Mënschen deel. Hie wëll d'Trapezkënschtlerin Marion, déi hie schonn ëmmer als Engel net aus den Ae gelooss huet als Mënsch begéinen.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De Wenders huet d'Welt, wéi d'Engele se gesinn, a schwaarz-wäiss gefilmt. D'Welt wéi d'Mënsche se gesinn ass awer faarweg.

De Wenders huet eng Suite zum Film mam Titel In weiter Ferne, so nah! gedréint déi am Joer 1993 an d'Kinoe koum

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]