Derek Walcott

Vu Wikipedia
Derek Walcott
Gebuer 23. Januar 1930
Castries
Gestuerwen 17. Mäerz 2017
Nationalitéit Saint Lucia
Educatioun University of the West Indies,
Universitéit vu London
Aktivitéit Dichter, Dramatiker, Schrëftsteller, Prosaist


De Sir Derek Walcott KCSL, OCC, OBE, TC, gebuer den 23. Januar 1930 zu Ckinastries, op Saint Lucia, a gestuerwen de 17. Mäerz 2017 zu Denier Islet, och op Saint Lucia[1],[2] war e lucianesch-britteschen Dichter a Schrëftsteller. 1992 krut de Walcott den Nobelpräis fir Literatur an 2011 den T. S. Eliot-Präis fir säi Gedichtsband White Egrets. 2004 gouf hien ausserdeem fir säi Liewenswierk mam Anisfield-Wolf Book Award ausgezeechent.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

De Walcott huet a senger Aarbecht karibesch an afrikanesch Wuerzele verbonnen an huet awer op d'Traditioun vun den angloamerikaneschen Dichter opgebaut. Seng Theateraarbecht war ausserdeem staark vum Bertolt Brecht beaflosst. Säi bekanntst Wierk ass de Versepos Omeros (1990), eng Homer-Adaptatioun aus der kultureller Perspektiv vun der Karibik.

Säin éischt Gedicht huet de Walcott mat 14 Joer erausginn. Scho mat 19 Joer huet hien déi zwéi Gedichtbänn 25 Poems (1948) an Epitaph for the Young: XII Cantos (1949) an eegener Editioun erausbruecht. Hien huet op der University of the West Indies zu Kingston studéiert an ass duerno, no 1953, op Trinidad gaangen, fir do als Kritiker, Dozent a Journalist ze schaffen. Sechs Joer méi spéit huet de Walcott den Trinidad Theatre Workshop gegrënnt, an deem seng eegen an aner Drame produzéiert an opgefouert goufen. Op der Boston University an den USA huet hien 1981 de Boston Playwrights' Theatre gegrënnt. Hien huet do Coursen an der Literatur an a Schrëft gehalen, bis hien 2007 an d'Pensioun gaangen ass.

Seng Beschäftegung mat der karibescher Geschicht a Kultur wärend an no der Kolonialzäit spigelt sech an der Sammlung In a Green Night: Poems 1948-1960 (1962) erëm, déi en internationalen Interessi ervirgeruff huet. De Walcott huet am Joer 2000 Tiepolo's Hound publizéiert an 2004 The Prodigal. Fir d'White Egrets krut hien 2011 den T. S. Eliot-Präis, déi héchst Auszeechnung fir Lyriker an England an an Irland.

1993 krut de Walcott d'Trinity Cross, deemools déi héchst Auszeechnung op Trinidad. Vun 2009 u war hie Gaaschtprofesser op der Universitéit vun Alberta.

De Walcott war en enke Frënd vum nigerianesche Schrëftsteller Ben Okri.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1971: Obie Award fir “Dream on Monkey Mountain”
  • 1972: Officer of the Order of the British Empire
  • 1981: MacArthur Fellowship
  • 1988: Queen's Gold Medal for Poetry
  • 1992: Nobelpräis fir Literatur
  • 1993: Trinity Cross
  • 2004: Anisfield-Wolf Book Award fir säi Liewenswierk
  • 2010: T. S. Eliot Präis fir “White Egrets”
  • 2011: Bocas Prize for Caribbean Literature fir “White Egrets”
  • 2013: Präis vun der Stadt Münster fir international Poesie mat sengem Iwwersetzer Werner von Koppenfels
  • 2016: Knight Commander of the Order of Saint Lucia

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Gedichtsammlungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1948 25 Poems
  • 1949 Epitaph for the Young: Xll Cantos
  • 1951 Poems
  • 1962 In a Green Night: Poems 1948–1960
  • 1964 Selected Poems
  • 1965 The Castaway and Other Poems
  • 1969 The Gulf and Other Poems
  • 1973 Another Life
  • 1976 Sea Grapes
  • 1979 The Star-Apple Kingdom
  • 1981 Selected Poetry
  • 1981 The Fortunate Traveller
  • 1983 The Caribbean Poetry of Derek Walcott and the Art of Romare Bearden
  • 1984 Midsummer
  • 1986 Collected Poems, 1948–1984
  • 1987 The Arkansas Testament
  • 1990 Omeros
  • 1997 The Bounty
  • 2000 Tiepolo's Hound
  • 2004 The Prodigal
  • 2010 White Egrets

Dramen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1970 Dream on Monkey Mountain
  • 1970 Ti-Jean and His Brothers
  • 1980 Pantomime
  • 1997 The Capeman – mit Paul Simon

Essayen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1998 What the Twilight Says

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Derek Walcott – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. William Grimes: Derek Walcott, Poet and Nobel Laureate of the Caribbean, Dies at 87.
  2. Derek Walcott - 87 Joer alen Nobelpräis-Laureat ass gestuerwen de 17. Mäerz 2017 op rtl.lu