Derib
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Derib ass de Kënschtlernumm vum Claude de Ribaupierre, gebuer den 8. August 1944 zu La Tour-de-Peilz an der Schwäiz. Hien ass e Schwäizer Comicszeechner, an ee vun de bekanntesten an Europa. Hien ass haaptsächlech bekannt fir seng Western Comics.
Den Derib ass de Schwoer vum belsche Comicszeechner Pierre Renoy.
Comics vum Derib [änneren]
- "Yakari". D'Aventure vum klenge Siouxbouf Yakari goufe fir d'éischt 1970 am Schwäizer Wocheblat Le Crapaud à Lunettes publizéiert, dat méi spéit "Yakari" geheesch huet. Den Zeenarist war den André Jobin, deen ënner dem Pseudonym Job geschriwwen huet.