Derketo

Vu Wikipedia
Mënz vum Demetrios III. mat engem Bild vun der Derketo um Revers.

D'Derketo (Δερκετώ Derketố oder Δερκετίς Derketis) war d'Haaptgëttin vun Askalon. Dat Iewescht vun hirem Kierper war dee vun enger jonker Fra, deen ënneschten Deel dee vun engem Fësch. Si gläicht deemno dem philistesche Gott Dagon. D'Awunner vun Askalon, denen d'Fësch helleg waren an déi se net hunn däerfen iessen, hunn hir bei engem Weier no bei der Stad Affer bruecht.

Beim Herodot, an deem sengen Historien, I, 105, ass rieds vun enger himmlescher Aphrodite vun Askalon (Aphrodite Urania), déi wuel der Derketo entsprieche kéint. Den Tempel vun der Aphrodite Urania zu Askalon ass dem Herodot no deen eelsten Tempel iwwerhaapt. Tempelen op Zypern wieren, den Zyprioten no, vun Askalon aus gegrënnt ginn, deen op Kythira vu Phenizier aus der Géigend vun Askalon. De Strabo (XVI,4,27) schreift, datt d'Aphrodite Urania mat der Gëttin Atargatis identesch wier (si heescht op Aramäesch Atarata).

Verschiddentlech gëtt d'Atargatis als eng Kombinatioun vun den dräi syresche Gëttinnen Astarte, Anath an Aschera (ugaritesch: Atiratu oder Athirat ugesinn (Dea Syria).

Athirat/Atiratu ass och den Numm vun enger Mieresgëttin. Eng Mënz aus Sëlwer vum Demetrios III. weist se a Form vun engem Fësch mat Kar ronderëm, wat hir Stellung als Fruchtbarkeetsgëttin undeite géif.

Si wier d'Mamm vun der legendärer Kinnigin Semiramis.