Despina Vandi

Vu Wikipedia
Despina Vandi
Gebuer 22. Juli 1969
Tübingen
Nationalitéit Griicheland
Aktivitéit Sänger, Schauspiller

D'Despina Vandi (op Griichesch Δέσποινα Βανδή), den 22. Juli 1969 zu Tübingen an Däitschland als Despina Malea (Δέσποινα Μαλέα) gebuer, ass eng vun den erfollegräichste griichesche Popsängerinnen.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

D'Despina Vandi gouf an enger griichescher Famill a Westdäitschland gebuer an ass am Alter vu sechs Joer mat hiren Elteren a Griicheland geplënnert. Wärend hirem Psychologie-, Philosophie- a Pedagogiestudium op der Universitéit vun Thessaloniki huet si ugefaangen als Sängerin an Nuetsclibb ze schaffen.

Aus hirem éischten Album Geia Mou, deen 1994 erauskomm ass, ass d'Single mam selwechten Numm an en Duett mam Giannis Parios ausgekoppelt ginn. 1996 ass den zweeten Album Esena Perimeno verëffentlecht ginn. Der Despina Vandi no hunn déi zwéin Albume sech manner wéi 30.000-mol verkaaft.

D'Joer drop huet si hir erfollegräich Kollaboratioun mam Songwriter Phoebus ugefaangen, déi bis haut (2013) dauert. D'Produktiounen Deka Entoles (1997) a Profities (1999) hunn allenzwou méi wéi duebele Platinstatus a Griicheland an op Zypern erreecht, a vun de ville Singleauskopplunge war Spania eng vun den erfollegräichsten. D'Lidd Ipofero aus dem Joer 2000, dat op kengem Album war, ass als meeschtverkaaft griichesch CD-Single vun allen Zäiten ausgezeechent ginn.

De spéideren Album Gia huet der Despina Vandi d'Dieren zu enger Weltcarrière opgemaach. Nieft dem immense Succès an hirem Heemechtsland, op Zypern a souguer an der Tierkei, ass d'Wierk a 35 Länner erauskomm. D'Single mam selwechten Numm an "Opa Opa" hu sech op déi éischt Plaz vun den amerikaneschen Dance-Radiocharts placéiert an et och a vill europäesch Charts gepackt.[1]

Och déi weider Albume Stin avli tou paradeisou (2004), 10 Hronia Mazi (2007) a C'est la Vie (2010) waren a Griicheland erfollegräich.

Der Despina Vandi hiren néngte Studiosalbum Allaxa ass 2012 verëffentlecht ginn a mat enger duebeler Platinschallplack ausgezeechent ginn.[2]

Si ass mam fréiere Foussballspiller Demis Nikolaidis bestuet an huet zwee Kanner.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Studiosalbumen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Titel (op griichesch) Titel (lëtz. Iwwersetzung)
1994 Γέλα μου (Gela Mou) Laach mech un
1996 Εσένα Περιμένω (Esena Perimeno) Ech waarden op dech
1997 Δέκα Εντολές (Deka Endoles) 10 Geboter
1999 Προφητείιες (Profities) Prophezeiungen
2001 Γειά (Gia) Hey
2004 Στην Αυλή του Παράδεισου (Stin Avli Tou Paradeisou) Am Gaart vun Eden
2007 10 Χρόνια Μαζί (10 Hronia Mazi) 10 Joer zesummen
2010 C'est la vie -
2012 Άλλαξα (Allaxa) Verännert
2014 Δε με σταμάτησες (De Me Stamatises) Du hues mech net gestoppt
2016 Αυτή είναι η διαφορά μας (Afti Ine I Diafora Mas) Dat ass eisen Ënnerscheed

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Despina Vandi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Billboard 27. November 2004
  2. star.gr: Δέσποινα Βανδή: Δείτε τι έγινε στην απονομή του διπλά πλατινένιου της δίσκου! (15. Juni 2012; gekuckt den 9. November 2013)