Deutsch-Luxemburgisches Schengen-Lyzeum Perl
Den Deutsch-Luxemburgisches Schengen-Lyzeum Perl oder Le Lycée germano-luxembourgeois Schengen de Perl ass eng Secondaire-Ganzdagsschoul, déi vum Ministerium für Bildung, Kultur und Wissenschaft vum Saarland an dem lëtzebuergeschen Ministère de l'Éducation nationale et de la Formation professionnelle zesummen entworf a bedriwwe gëtt. D'Gebai vun der Schoul steet zu Perl. Responsabel fir d'Infrastrukturen an den technesche Fonctionnement ass de Landkreis Merzig-Wadern.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Op der 7. Saar-Lor-Lux Gipfelkonferenz den 30. Juni 2003 huet eng Kommissioun ënner dem Viersëtz vum Jacques Santer d'Zukunftsbild 2020 fir d'Groussrégioun entworf. Doran gëtt och en neie groussregionale Schoultyp verlaangt, deen en europäescht Bewosstsënn vermëttelt an d'Schüler fir en international ausgeriichtenen Aarbechtsmaart qualifizéiert. Lëtzebuerg an d'Saarland hu sech doropshi gëeenegt, eng gemeinsam Schoul opzemaachen. Eng Expertegrupp huet innerhalb vu kuerzer Zäit e Konzept an déi néideg Konventiounen entwéckelt. De 24. Mee 2005 huet d'Grupp vun Experte sech fir d'éischt getraff.
Den 30. Juni 2006 huet déi Lëtzebuerger Regierung dem Ofkommes zougestëmmt an den 10. Juli huet och des Kreistag Merzig-Wadern dem Ofkommes zougestëmmt. Déi Saarlännesch Landesregierung huet den 11. Juli hiren Accord ginn an den 13. September huet déi däitsch Bundesregierung zougestëmmt.
De 4. Dezember 2006 ass d'Ofkommes tëschent der lëtzebuergescher an der saarlännescher Regierung fir d'Eriichtung vun enger binationaler Schoul vum Premierminister Jean-Claude Juncker, dem Ministerpräsident Peter Müller an der Landrätin vum Kreis Merzig-Wadern, Daniela Schlegel-Friedrich, der Educatiounsministesch Mady Delvaux-Stehres an dem Minister für Bildung, Kultur und Wissenschaft Jürgen Schreier, ënnerschriwwe ginn.
De Lycée gouf de 27. August 2007 offiziell, a Presenz ënner anere vum Jean-Claude Juncker, ageweit an huet deen Dag och d' Dieren fir déi éischt 130 Schüler opgemaach.
De 25. Juni 2008 gouf d'Baugeneemegung fir den Neibau um selwechten Terrai erdeelt an den 11. August 2008 ass de Bau ugefaange ginn.
Den 12. Januar 2009 gouf de Grondstee vun de Gebaier geluecht,[1] déi 20,4 Milliounen € kaschte sollen, vun deene Lëtzebuerg d'Hallschent bezilt. Am Schouljoer 2008/9 hat d'Schoul 267 Schüler.
Den 12. Abrëll 2010 war den éischten Deel vum Bau fäerdeg gestallt an den 1. Juli 2011 gouf dat neit Schoulgebai ageweit.
Am Schouljoer 2012/13 besiche 720 Schüler de Schengener Lycée.
Stonnen an der Woch [änneren]
- Fir all Klassenniveauën gi 36 Wochestonnen zu jee 45 Minutte gehalen.
- Méindes, mëttwochs a freides daueren d'Coursen bis ca. véier Auer
- Dënschdes an donneschdes bis ca. eng Auer
- Samschdes ass fräi
Literatur [änneren]
- Luxemburger Wort, Jrg 164, Nr. 200, 28. August 2012, S. 19: Vielfalt als Chance
Um Spaweck [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ Wort.lu: Grundsteinlegung am Schengen-Lyzeum