Deutschland - Tour
| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Deutschland-Tour ass eng Etappecourse mam Vëlo déi an Däitschland gefuere gëtt.
[änneren] Historique
Vum 21. bis de 27. Mee 1911 ass d'Course fir d'éischt gefuer ginn. Den Départ vun der Ettapecourse mam deemolegen Numm Quer durch Deutschland iwwert eng Gesamtdistanz vun 1493 km war zu Breslau. D'Arrivée vun der sechster a leschter Etapp war zu Oochen. Organisateur war d'Allgemeine Radfahrer-Union déi vun der daïtscher Vëlosindustrie finanziell ënnerstëtzt gouf.
De Nicolas Frantz ass 1931 an där Course, déi dat Joer Internationale Opel-Deutschland-Rundfahrt geheescht huet, op déi drëtt Plaz komm.
1947, bei der éischter Oplo vun der Course nom Krich ass keen Tour an Etappe gefuer ginn. D'Grünes Band vom Rhein, wéi d'Course an deem Joer geheescht huet, war e Generalklassement dat aus sechs Kriteriume bestanen huet, déi an engem Zäitraum vu sechs Méint gefuer goufen. Et waren dat d'Kriteriume vu Solingen, Bonn, Düsseldorf, Köln, Oochen a Mönchengladbach.
Den Herrmann Schwartz huet et 1948, mat Hëllef vu Partner déi him fianziell an organisatoresch zur Säit stoungen, fäerdegbruecht erëm en Tour mat aacht Etappen op d'Been ze stellen. D'Course huet deemools d'Grüne Band der IRA (Interessengemeinschaft Radsport) geheescht. Nodeems d'Course ouni Ënnerbriechung all Joer vun 1948 bis 1952 gefuer gouf, war et mam Doud vum Herrmann Schwartz mat deem Kapitel op en Enn.
Duerno huet am Joer 1955 d'Zweeradfirma Fritz Wenk duerfir gesuergt dat d'Course erëm gefuer géif ginn. Et ass awer bei der Première bliwwen.
Vun 1960 bis 1963 ass d'Internationale Afri-Cola Deutschland-Rundfahrt gefuer ginn.
No enger laanger Paus ass 1979 probéiert ginn d'Course erëm ze relancéieren an dat mat Hëllef vum Titelsponor Vitamalz. Déi éischt Oplo mam Numm Internationale Vitamalz-Rundfahrt war awer zu gläicher Zäit déi lescht.
Vun 1980 bis 1982 gouf d'Deutschland-Rundfahrt vun der Firma Sport Promotion G.m.b.H organiséiert. Nodeems déi Firma en Defizit vun 300.000 DEM (ronn 153.000 EUR) op der Lee hat, war et virleefeg eriwwer mat der Course.
En neien Ulaf ass 1998 geholl ginn andeems déi däitsch Vëlosfederatioun Bund Deutscher Radfahrer e.V. an d'hamburger Sportsfirma Upsolut Sports A.G. d'Firma Deutschland Tour G.m.b.H. gegrënnt ginn ass. Dës Firma huet als Zweck fir an Däitschland eng Etappecourse z'etabléieren an ofzewéckelen. Op déi Manéier goufen d'Virausetzunge geschaf fir d'Deutschland-Tour, wéi d'Course zënter der Neioplo am Joer 1999 heescht, erëm all Joer ënner professionelle Bedéngungen z'organiséieren. Tourdirekter ass zënterhir de Kai Rapp, Direkter vun der Deutschland Tour GmbH.
Fir 2009 gouf den Tour nees eng Kéier op d'Äis geluecht.
[änneren] D'Gewënner
[änneren] Quer durch Deutschland
[änneren] Großer Preis von Deutschland
[änneren] Großer Opelpreis von Deutschland
[änneren] Deutschland Rundfahrt
[änneren] Internationale Opel-Deutschland-Rundfahrt
[änneren] Internationale Deutschland-Rundfahrt
| 1937 : Otto Weckerling | |
| 1938 : Hermann Schild |
[änneren] Großdeutschlandfahrt, Deutschland-Rundfahrt für Berufsfahrer
[änneren] Das "Grüne Band vom Rhein"
[änneren] Das "Grüne Band der IRA", kleine Deutschland-Rundfahrt
[änneren] Das "Grüne Band der IRA", Quer durch Deutschland
[änneren] Deutschland-Rundfahrt
| 1950 : Roger Gyselinck | |
| 1951 : Guido de Santi | |
| 1952 : Isidore Derijck | |
| 1955 : Rudi Theißen |
[änneren] Internationale Afri-Cola Deutschland-Rundfahrt
| 1960 : Albert Geldermans | |
| 1961 : Friedhelm Fischerkeller | |
| 1962 : Peter Post |
[änneren] Internationale Vitamalz-Rundfahrt
[änneren] Deutschland-Rundfahrt
| 1980 : Gregor Braun | |
| 1981 : Silvano Contini | |
| 1982 : Theo de Rooy |
[änneren] Deutschland-Tour
[änneren] Um Spaweck
- Offiziell Websäit vun der Deutschland-Tour
- Historesch Informatiounen iwwer d'Deutschland-Tour op der Websäit vun Cycling4fans
- Resultater vun der Deutschland-Tour op der Websäit vu Mémoire du Cyclisme
- Websäit vun Upsolut Sports AG
| Commons: Deutschland Tour 2006 – Biller, Videoen oder Audiodateien |