Diabetes mellitus
| Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezin-Artikelen. Dës Informatioune sinn zur allgemenger Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn! |
Et ginn zwou Zorten Diabetes mellitus, op Lëtzebuergesch och nach Zockerkrankheet genannt: Typ 1, deen nëmmen 5% vun den Diabetiker betrëfft a schonns an ganz jonkem Alter optrëtt, an den Typ 2, dee meeschtens méi spéit eréischt optrëtt an dee ganz dacks mat Iwwergewiicht a Verbindung bruecht gëtt. Eng vun den Haaptkarakteristike vun der Zockerkrankheet ass wéi den Numm et seet een ze héijen Zockergehalt am Blutt vum Patient. Normalerweis ass den Insulin zoustännig dofir datt den Zocker dee mir iessen oder deen eise Kierper fabrizéiert vum Blutt an verschiddenen Organer opgeholl an verschafft gëtt: virun allem am Muskel, de Fettzellen an der Liewer.
Inhaltsverzeechnes |
Den Insulin-ofhängegen Diabetus mellitus (IDDM oder Typ 1) [änneren]
Den Typ 1 Diabetes as eng autoimmun Krankheet bei där de Pankreas, d'Organ dat den Insulin fabrizéiert vum Immunsystem zerstéiert gëtt. Dofir gëtt emmer manner Insulin am Kierper fräiginn, an de Bluttzocker bleift héich. Dës Zort vun Diabetes ka mat Insulinsprëtze behandelt ginn.
Den Net-Insulin-ofhängegen Diabetus mellitus (NIDDM oder Typ 2) [änneren]
Am Typ 2 Diabetes funktionéiert de Pankreas um Ufank zumindest ganz normal. Mee aus genetischen (verierflechen) an emweltlechen (Ernährung, Alter, Bewegung, ...) Grënn äntwere verschidden Organer net méi op d'Insulinstimulatioun. Dowéinst bleift den Zockergehalt am Blutt ze héich. De Pankreas probéiert dës Situatioun ze kompenséieren andeems e méi Insulin an d'Blutt ofgëtt. Dës Kompensatioun geet eng Zäit, mä duerno ginn d'Pankreaszelle midd a kënnen dann, wéi am Typ 1 Diabetes, net méi genuch Insulin fabrizéieren . Doduerch datt an dëser Zort Zockerkrankheet net nëmmen net genuch Insulin do ass, mä souwisou d'Organer net méi genuch op den Insulin reagéieren, as dësen Typ Diabetes meeschtens net eleng mat Insulinsprëtzen ze behandelen.
Symptomen [änneren]
- massive Gewiichtsverloscht bei normalem Iessverhalen
- erhéichte Bluttzockerwäerter vun iwwer 160 mg/dl iwwer méi e laangen Zaïtraum
- groussen Duuscht, dat heescht et drénkt en iwwerméisseg vill
- Kappwéi iwwer méi e laangen Zäitraum'
- Midegkeet
Diagnostik [änneren]
An deene meeschte Fäll besteet den Diagnostik beim Diabetes millitus doraner datt dem Patient eng Bluttprouf geholl gëtt. Unhand vu verschiidene Wäerter kann een da feststellen ob de Patient Diabetiker ass oder net. Bei enger Bluttprouf déi vum Dokter ordonnéiert gëtt, gëtt zum Beispiel gekuckt op am Blut vum Patient Anticorpsen géint Insulin oder Anticorpsen géint Glutamatdecarboxylase oder Anticorpsen géint Tyrosinphospaht firleien. Ass dëst de Fall da ginn déi Markeren "Risikomarker" genannt. Et geet awer och nach eng aner Method fir ze gucken op de Patient Diabetes huet, nämlech et mécht een en orale Glucosetoleranztest, dat heescht et kritt een eng Zockerléisung ze drénken, an dann gëtt engem a bestëmmten Zeitofstänn Blut ofgeholl a gekuckt wéi vill Glucose nach am Blutt ass. Ass de Bluttzockergehalt méi héich wéi 160 mg/dl da schwätzt ee vun Iwwerzocker, och Hyperglykämie genannt. An unhand vun nach engem Blutttest gëtt de Wäert vum Hba1c gekuckt, dëse Wäert seet aus wéi vill Glucose un de Bluttfaarfstoff Hämoglobin gebonn ( glycoliseiert )ass. Dëse Wäert gëtt heefeg benotzt well hien engem vill iwwer de Blutzockergehalt iwwer 6-10 Wochen verréid.
Quell: Klinische Pathophysiologie THIEME Verlag 8. Auflage
Therapie [änneren]
Therapie beim Diabetes Typ 1 ass meeschtens esou datt de Patient sech de Blutzocker miesst an no engem vum Dokter erstallte Plang sech den Insulin S.C. also Subcutan (ënnert d'Haut) sprëtze muss, dat gëtt an de meeschte Fäll um ieweschten Deel vum Arm gemaach. Beim Typ 2 ginn normalerweis Oral Antidiabetika benotzt. Den Ënnerscheed zum Typ 1 läit doranner, datt beim Typ 2 de Pankreas nach Insulin produzéiert ma just net méi an genügender Konzentratioun. Déi Oral Antidiabetika fërderen d'Insulinsekretioun.
Déi oral Antidiabetika [änneren]
Déi oral Antidiabetika kënnen eemol oder e puermol den Dag ageholl ginn. Si ginn ageholl bei der Zockerkrankheet vum Typ 2, nodeems e Wiessel an der Ernährung zu kenger Senkung vum Zockerspiggel am Blutt gefouert huet.
Et ginn dréi grouss Gruppen:
Sulfamiden [änneren]
Sulfamiden si Medikamenter déi d'Ausscheedung vun Insulin an der Bauchspeicheldrüs fërderen, an domat de Bluttzockerspigel senken. Si setzen natierlech eng intakt Bauchspeicheldrüs viraus.
Kommerziell Nimm: Daonil, Diamicron oder Amarel
Biguaniden [änneren]
Biguaniden stäerken d'Wierkung vum Insulin op déi Insulin sensibel Kierperstrukturen, desweidere blockéiere se d'Néiformatioun vum Zocker aus de Protéinen déi dem Kierper als Reserve déngen a reguléieren d'Ofsuckele vum Zocker am Gedäerms.
Kommerziell Nimm: Metformine, Glucophage oder Stagid
Alpha-glucosidase Blockeren [änneren]
Alpha-glucosidase Blockere si Medikamenter déi nëmmen e bescheidenen Aktiounsradius hunn andeems se am Gedäerms, d'Ofsuckele vum Zocker blockéieren. Ee bestëmmten Transporter geet dann net méi. Déi Medikamenter mussen also iwwer dem Iessen ageholl ginn, fir kënnen ze funktionéieren.
Kommerziell Nimm: Glucor
Zwou méi nei Medikamentergruppe sinn:
Glitazone a Glinides [änneren]
Glitazone a Glinides ginn eréischt an zweeter Instanz verschriwwen, nodeems déi aner Medikamenter net den erhofften Déngscht geleescht hunn.
[änneren]
Intensiv Insulin-Bahandlung [änneren]
Den Insulin-Schock [änneren]
Komplikatiounen [änneren]
Wa se net behandelt gëtt, féiert d'Zockerkrankheet zu schlëmme Komplikatiounen a verschiddenen Organer:
- Gefässer:
Et gëtt en Ënnerscheed tëschent:
-
- der Mikroangiopathie
Si manifestéiert sech an de Kapillaren. Virun allem beim schlecht agestallten Diabetiker besteet en erhéichte Risiko vun der Netzhautbluddung, an och en erhéichte Risiko vun enger Netzhautofléisung.
-
- an der Makroangiopathie:
Duerch den erhéichten Zockergehalt vum Blutt besteet en erhéichte Risiko fir Arterioskleros, mat de Konsequenze wéi z. B. Häerzinfarkt, diabetesch Nephropathie, Hirschlag ...
- diabetesch Nephropathie
- diabetesch Polyneuropathie, dat heescht Gefillslosegkeet a verschiddene Kierperregiounen, et fänkt meeschtens bei de Féiss un
Diabetes-Regime [änneren]
Diabetes zu Lëtzebuerg [änneren]
Selwerhëllefsgruppen zu Lëtzebuerg [änneren]
Kuckt och [änneren]
| Commons: Diabetes mellitus – Biller, Videoen oder Audiodateien |