Diakritescht Zeechen
En diakritescht Zeechen (och Diakritikum, Pl. Diakritika, aus dem griich. διακρίνειν „auserneenhalen“) si kleng Zeechen, déi op oder ënner engem Buschtaf ubruecht sinn, wéi z. B. Punkten, Kreepercher, Strécher oder Kreesser. Si kënnen entweder d'Betounung uweisen, oder awer d'Aussprooch vun engem Buschtaf änneren, resp. a Kombinatioun mat engem Buschtaf fir e Laut gebraucht ginn, fir deen et keen eegene Buschtaf gëtt.
Hire Gebrauch ka sech vu Sprooch zu Sprooch änneren (z. B. markéiert den Accent aigu a bestëmmte Sproochen e betounte Vokal, woubäi en an aneren d'Qualitéit vun der Aussprooch ännert (vgl. z. B. am Franséischen "regarde" vs. "regardé"). Je no der Sprooch gi (verschidde) Buschtawe mat diakriteschen Zeechen als eege Buschtawen ugesinn oder och net.
Beispiller:
- Accent aigu (oder Akut): á, é, í, ó, ú ;
- Trema weist a verschiddene Sproochen un, datt Vokaler getrennt ausgeschwat ginn (z. B. am Griicheschen, Franséischen oder Hollänneschen oder Lëtzebuergeschen) (Beispiller: fr: Noël, lb: leeën). ë. a. am Däitschen, Schwedeschen an am Tierkeschen weist d'Trema en eegene Laut un (Ëmlaut): de: Äste, über, Vögel; tr: kültür, döner).
- Brève (en Hallefkrees):ă, ĕ, ĭ, ŏ, ŭ;
- Brève ënnendrënner: ḫ;
- Cédille: ç, ş.
- Accent grave (Gravis): à, è, ì, ò, ù: Weist am Italeneschen a Katalaleschen déi betounte Silb, am Franséischen déngt en entweeder dozou, fir Wierder auserneen ze halen (vgl. ou vs. où; a vs. à) oder fir eng ënnerschiddlech Betounung unzewisen: (berger vs. bergère) ;
- Krop: ả, ủ, ỷ am (Vietnameseschen (dấu hỏi)
- Hatschek (Háček): č, š, ž, ř, ň am Tschechen, Slowakeschen a Sloweneschen, fir en Zischlaut ze indikéieren;
- Har: ơ;
- Komma ënnendrënner: ș, ț, z. B. am Rumäneschen an anm Letteschen;
- Kroužek (Kréngel), wéi beim tschecheschen ů an dem dänesch/norwegesch/schwedeschen Å, å ;
- Makron (Queeschstréch): ā;
- Ogonek (Nasalkrop): ę
- Punkt: i, ż;
- Punktënnendrënner ḍ,ṭ;
- Schréistréch: Øø, Łł;
- Tilde: ñ, ã;
- Trema: ä, ë, ï, ö, ü;
- Accent circonflexe: â, ê, î, ô, û.