Diamant (Rakéit)
Diamant ass den Numm vu franséischen Drorakéiten, mat deenen tëschent 1965 an 1975 eng Rei vu klenge Satellitte gestart goufen. Déi Rakéite goufen a verschiddene Versioune gebaut.
Inhaltsverzeechnes |
Diamant A [änneren]
Déi éischt Versioun vun där Rakéit, mat där Frankräich säin éischte Satellit „Astérix“ de 26. November 1965 zu Hammaguir gestart huet, hat déi éischt Stuf vun der Emeraude-Rakéit vun 10 Meter Längt, 1,4 Meter Duerchmiesser an engem Gewiicht vun 14,7 Tonnen. Hiert Dreifwierk vum Typ LRBA Vexin hat fir 93 Sekonnen e Schub vun 269 kN geliwwert. Déi zweet Stuf war 4,7 Meter laang an hat en Duerchmiesser vun 80 Zentimeter. Si war 2,9 Tonne schwéier an hat a 44 Sekonnen e Schub vun 165 kN entwéckelt. Déi drëtt Stuf hat eng Längt vun 2 Meter an en Duerchmiesser vu 65 Zentimeter. Hiert Gewiicht war 709 Kilogramm. Si hat 45 Sekonne laang gebrannt an hat dobäi e Schub vu 27 kN bis 53 kN entwéckelt. Eng komplett montéiert Diamant A war 18,95 Meter héich a war 18,4 Tonne schwéier.
Diamant B [änneren]
D'Diamant B war eng weiderentwéckelt Versioun vun der Diamant A mat méi Schub. Hir éischt Stuf war 14,2 Meter laang, hat en Duerchmiesser vun 1,4 Meter a war 20,1 Tonne schwéier. Hire Motor hat ofhängeg vun der Fluchhéicht e Schub vun 316 kN bis 400 kN fir 116 Sekonne entwéckelt. Déi zweet Stuf vun der Diamant B war déiselwecht wéi Diamant A. Déi drëtt Stuf war 1,67 Meter laang an hat en Duerchmiesser vun 80 Zentimeter. Si hat fir 46 Sekonnen e Schub vu 24 kN entwéckelt.
Eng komplett zesummegebaute Diamant B war 23,5 Meter héich a 24,6 Tonne schwéier.
Diamant BP4 [änneren]
D'Diamant BP4, där hir Entwécklung am Januar 1972 ugefaange gouf, hat déiselwecht Éischt- an Drëttstuf wéi d'Diamant B. Hir zweet Stuf, déi vun engem SLBM ofgeleet war, war 2,28 Meter laang an hat 1,5 Meter Duerchmiesser an hat fir 55 Sekonnen e Schub vun 180 kN entwéckelt.
Startlëscht [änneren]
| Datum | Typ | Startplaz | Satellit | Bemierkungen |
|---|---|---|---|---|
| 26. November 1965 | Diamant A | Hammaguir | Astérix | Erfolleg |
| 17. Februar 1966 | Diamant A | Hammaguir | Diapason | Erfolleg |
| 8. Februar 1967 | Diamant A | Hammaguir | Diadème 1 | Deelerfolleg (Orbit ze niddreg) |
| 15. Februar 1967 | Diamant A | Hammaguir | Diadème 2 | Erfolleg |
| 10. Mäerz 1970 | Diamant B | Kourou | Mika/Wika/Dial | Erfolleg |
| 12. Dezember 1970 | Diamant B | Kourou | Péole | Erfolleg |
| 15. Abrëll 1971 | Diamant B | Kourou | Tournesol | Erfolleg |
| 6. Dezember 1971 | Diamant B | Kourou | Polaire | Feelschlag (zweet Stuf huet versot) |
| 21. Mee 1972 | Diamant B | Kourou | Castor/Pollux | Deelerfolleg (Schutzhauf net ofgetrennt) |
| 6. Februar 1975 | Diamant BP4 | Kourou | Starlette | Erfolleg |
| 17. Mee 1975 | Diamant BP4 | Kourou | Castor/Pollux | Erfolleg |
| 27. September 1975 | Diamant BP4 | Kourou | Aura | Erfolleg |
Literatur [änneren]
- France Durand-de Jongh: De la fusée Véronique au lanceur Ariane. Une histoire d’hommes 1945–1979. Stock, Paris 1998, ISBN 2-234-04659-9
- Hervé Moulin: La France dans l’Espace 1959–1979 – Contribution à l’effort spatial européen. ESA Publications Division, Noordwijk 2006, ISBN 92-9092-549-3 (PDF, 2,3 MB)
- Bernd Leitenberger: Europäische Trägerraketen Band 1. Von der Diamant zur Ariane 4 - Europas steiniger Weg in den Orbit Books on Demand, Norderstedt 2009, ISBN 3837095916
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Diamant (Rakéit) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) EADS Astrium - Diamant
- (en) Diamant launchers