Diana, Princess of Wales

Vu Wikipedia
Diana, Princess of Wales
am Joer 1995
Gebuertsnumm Diana Frances Spencer
Pseudonym Lady Di, Princess Diana
Gebuer 1. Juli 1961
Sandringham
Gestuerwen 31. August 1997
Hôpital de la Salpêtrière
Doudesursaach Autosaccident
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Ëmweltaktivist, Philanthrop, Humanitarier, Promi, Aristokrat, Friddensaktivist
Famill
Bestuet mat Charles III.
Papp Edward John Spencer
Mamm Frances Shand Kydd
Geschwëster Jane Fellowes, Sarah McCorquodale, Charles Spencer
Kanner William vu Cambridge, Prënz Harry vu Wales
D'Diana mam Prënz Charles an der US-amerikanescher Presidentekoppel Reagan (1985)

D'Diana, Princess of Wales, gebuer den 1. Juli 1961 zu Sandringham am engleschen Norfolk als Diana Frances Spencer, a gestuerwen den 31. August 1997 zu Paräis, war als éischt Fra vum britteschen Trounfollger Charles vun 1981 bis 1996 Krounprinzessin vum Vereenegte Kinnekräich. Aus hirem Bestietnes mam Charles sinn déi zwéi Jonge William an Henry ("Harry"). D'Diana gëtt bis haut dacks Lady Diana, Lady Di oder Prinzessin Diana genannt, obwuel se zënter hirer Hochzäit den Titel "Lady" net méi gedroen huet.

Schonns zu Liefzäiten hat d'Diana de Status vun enger Medienikon a gouf weltwäit sou populär, datt se zäitweileg als déi berüümtst an am dackste fotograféiert Fra vun der Welt gegollt huet. Am Kontrast zu hirem Status als Mediestar stoung d'Kris vun hirem Stot mam Charles. Si goufen 1992 gescheet, nodeems hire Sträit an der Ëffentlechkeet laang a breet getrëppelt gi war, wat dem Image vun der brittescher Monarchie jett geschuet huet. Duerch hir Scheedung huet d'Diana hire Rang als Altesse royale verluer, blouf awer Member vun der Kinneksfamill.

Wärend den 1980er Joren huet d'Diana eng ganz Rëtsch Hëllefsprojeten ënnerstëtzt, wéi zum Beispill déi brittesch Aidshëllef. No hirer Scheedung vum Prënz Charles huet si sech fir d'Ofschafe vu Landminnen engagéiert a sech fir benodeelegt Leit agesat.

An der Nuecht op den 31. August 1997 ass den Auto, an dem si zesumme mat hirem Frënd Dodi Al-Fayed souz, an de Chauffeur vill ze séier gefuer ass, ass den Auto an de Pilier vun engem Stroossentunnel bei der Place de l'Alma zu Paräis geknuppt. D'Diana (wéi och de Chauffeur an den Al-Fayed) sinn un de Suitte vu Blessure bannen am Leif gestuerwen. D'Noriicht vun hirem Doud huet weltwäit eng Well vu Schock a vu Matgefill ausgeléist. D'Kinnekshaus gouf doropshi staark kritiséiert, well et sech un de Protokoll gehalen huet an no baussen hin Contenance gewisen huet, wat vu ville Leit als "kal" ugesi gouf. A leschter Minutt gouf dofir de Protokoll op d'Kopp geheit, an der Diana hiert Begriefnes, de 6. September 1997, gouf eng ëffentlech Zeremonie, bei där eng 3 Millioune Leit laanscht d'Stroosse stoungen an déi vu geschaten 2,5 Milliarde Leit op der Televisioun live gekuckt gouf.

No hirem Doud krut d'Diana den inoffiziellen Titel "Kinnigin vun de Häerzer", deen am 17. Jahrhundert schonn eng Kéier vun der Elisabeth Stuart, der Fra vum "Wanterkinnek" Friedrich V. gedroe gouf.

Op Visitt zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De 17. September 1993 war d'Diana Spencer fir een Dag zu Lëtzebuerg, wou se d'Ausstellung Britain in Luxembourg um Kierchbierg ageweit huet, dunn den Institut Saint-Joseph zu Betzdorf an dono d'Syrdaller Schlass zu Manternach besicht huet an no engem Owesiessen um Sennenger Schlass mat ë. a. dem Premierminister Jacques Santer nees hannescht op London geflunn ass.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Diana, Princess of Wales – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. "Der Tag, an dem Lady Di die Luxemburger in ihren Bann zog." wort.lu [w+], 17. September 2023.