Dicksgäertchen zu Veianen

Vu Wikipedia
Monument vun 1966 zu Éiere vum Dicks am Dicksgäertchen zu Veianen

.

Den Dicksgäertchen zu Veianen ass e klenge schietegen Eck mat engem Monument, dat un den Nationaldichter Edmond de la Fontaine, genannt Dicks, erënnert, deen do tëscht 1881 an 1891 Friddensriichter war.

D'Monument, dat vum Gab Weis realiséiert gouf, besteet aus enger Schiferplack op där dräi Zeenen aus Operette vum Dicks agemeesselt sinn. Uewe lénks op der Plack ass e Medaillon aus Bronze mat dem Portrait vum Dicks. De Medaillon ass vun der Kënschtlerin Nina Grach-Jascinsky.[1]

D'Monument gouf de 25. September 1966 a Presenz vum Groussherzog Jean an der Groussherzogin Joséphine-Charlotte ageweit.[1]

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 ArWa, 2016. Zum 125. Todestag von Edmond de la Fontaine. Vianden gedenkt Nationaldichter und -komponist "Dicks". Luxemburger Wort vum 11. November 2016, S. M8/38.