Diddelenger Schmelz

Vu Wikipedia
D'Diddelenger Schmelz 1891 (Foto: Charles Bernhoeft).
ARBED Diddeleng, 1912
D'Walzwierk, ëm 1900-1910 (Foto: J. M. Bellwald.

D'Diddelenger Schmelz war déi éischt Schmelz zu Lëtzebuerg an där Thomas-Stol produzéiert gouf. Si war déi gréisst Schmelz vun deenen déi 1911 an d'ARBED abruecht goufen an huet Diddeleng den Numm Forge du Sud abruecht.

D'Société anonyme des Hauts-fourneaux et Forges de Dudelange gouf de 5. Juli 1882 op Initiativ vun de Schmelzhären Norbert Metz a Victor Tesch gegrënnt, an duerch Arrêté royal grand-ducal vum 25. Juli goufen d'Statuten ugeholl, a si kruten dunn och d'Handelsermächtigung.

E weidere wichtegen Aktionär war de Grof de Bertier vu Lagrange, deem vill Terrainen zu Diddeleng gehéiert hunn, Terrainen déi säi Grousspapp am Ufank vum 19. Joerhonnert der Famill Metz ofkaaft hat.

D'Gesellschaft hat e Kapital vun aacht Millioune Frang a Form vu 16.000 Aktien zu 500 Frang. Donieft gouf et awer och nach 16.000 Grënneraktien, déi de Norbert Metz an de Victor Tesch kruten an deenen d'Hallschent vun de Beneficer zoustoungen. De Norbert Metz an de Victor Tesch kruten och nach 1.848 Aktië zu 500 Frang fir hir Viraarbecht an Terrainen. De Grof de Bertier krut fir seng Terrainen an d'Rechter op d'Minett 1.050 Aktië an eng Ausschëddung vun 889.976 Frang. De Norbert Metz huet 6.551 weider Aktië kaaft. 1.076 Aktien huet d'Metz & Cie kaaft, an de Rescht vu 5.475 Aktië gouf den Aktionäre vun der Metz & Cie ugebueden. Schonn 1885 koum et zu enger Kapitalerhéijung mat 2.000 neien Aktien. Am Géigenzuch gouf d'Zuel vu Grënneraktien op 14.000 erofgesat an hiren Dividend gouf och just nach ausbezuelt, wann déi uerdentlech Aktië bis een Dividend vu 5 % haten.

Den éischte Verwaltungsrot gouf vum Victor Tesch presidéiert, wärend den Émile Metz, Fils vum Norbert, Administrateur délégué genannt ginn ass. Déi aner Membere waren de Grof de Bertier, de Charles Simons vun der Interbank an de Léon Orban vun der Société générale de Belgique. Den éischten Direkter war bis 1896 de Jean Meyer, de fréieren Apdikter vun Eech.

Ee wichtegt Element war, datt d'Metz & Cie de 16. Februar 1883 hir Lizenz fir den Thomas-Procedé un d'Diddelenger Schmelz verkaaft huet. Si krut dofir 2 Frang pro Tonn Thomas-Stol wouvun 1,25 Frang un den Erfinder Sydney Thomas weider gaange sinn. D'Diddelenger Schmelz war bis Ufank vum 20. Joerhonnert déi eenzeg lëtzebuergesch Schmelz an där Thomas-Stol produzéiert gouf.

D'Aarbechten zu Diddeleng hunn 1882 ugefaangen an de 14. an 29. Juli 1885 sinn déi éischt zwéin Héichiewen a Betrib gaangen. Den Drëtte koum am Dezember 1886 no. Si goufe mat Kock a Minett bedriwwen an haten allen dräi eng Capacitéit vu 60 Tonnen am Dag déi no an no op 150 Tonnen am Dag eropgedréckt gouf. D'Fabréck hat och véier Thomas-Konverteren, e Blooming an eng Walzstrooss fir Billetten. Déi éischt Coulée Thomas-Stol gouf den 28. November 1886 ugestach.

D'Diddelenger Schmelz gouf séier ausgebaut. Dräi weider Héichiewe koumen 1889, 1893 an 1899 dobäi. D'Schmelz krut och eng Walzstrooss fir Schinnen an eng fir Bandeisen. Et koumen och zwéin Thomas-Konverteren dobäi. 1907 goufen déi sechs Konvertere vun 10 Tonnen duerch dräi neier vun 23 Tonnen ersat.

1911, am Joer vun der Grënnung vun der ARBED, goufen zu Diddeleng 281.555 Tonne Goss produzéiert, wouvun 232.921 Tonnen zu Thomas-Stol weider verschafft goufen, an 227.689 Tonnen zu Diddeleng zu Hallef- a Fäerdegprodukter gewalzt goufen.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Félix Chomé: ARBED, Un demi-siècle d'histoire industrielle 1911-1964, Lëtzebuerg, ouni Datum

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Diddelenger Schmelz – Biller, Videoen oder Audiodateien