Die neue Zeit (1911-1914)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lénksliberaler lëtzebuergescher Zeitung vun 1911-1914. Fir aner Zeitunge mat deem Numm, kuckt wgl. Die neue Zeit.

Die neue Zeit - Les Temps nouveaux war eng Zeitung, déi zu Lëtzebuerg tëscht dem 16. Mäerz 1911 an dem 9. August 1914 erauskoum. Am Ufank koum se all Sonnden eraus, vum 1. Oktober 1912 un zweemol d'Woch.[1]

Si war vun der Tendenz hier lénksliberal an antiklerikal a stoung bei hirer Grënnung dem Lénksblock no. An hirem Verwaltungsrot souze sozialdemokratesch Aktivisten aus der Volleksbildungs-Beweegung, liberal Auteuren a Vertrieder vun der Schwéierindustrie.[1] Chefredakter war de Mathias Adam.

E puer Ausgaben[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

J. Maas: " 'Die Neue Zeit' (1911-1914). Journal de combat pour la laïcité et le libéraliséme radical au début du XXe siècle." In: Galerie. Revue culturelle et pédagogique 28 (2010), Nr.2, S.199-207.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Die neue Zeit (1911-1914) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg 1704-2004. S.169.