Dierwiechter

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Balanced scales.svg Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Icon Hinweis Rechtsthemen.svg Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkrete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!

En Dierwiechter ass en Officier ministériel et public, deen e Service public ausübt, andeems en de Monopol drop huet, bestëmmt Entscheedungen vu Geriichter matzedeelen an auszeféieren. Hie bréngt de Leit d'Convocatioune virun d'Geriicht an d'Akten no engem Uerteel, an hëlleft, dëst Uerteel ze vollstrecken. Ënner d'Vollstrecke vun Uerteeler fält och d'Andreiwe vu Scholden. An deem Fall kann den Dierwiechter, nodeem en de Betraffenen per Bréif iwwer de Geriichtsentschloss informéiert huet an him e leschten Delai ginn huet fir d'Schold ze begläichen, eng Saisie vun ë. a. Miwwele maachen (d. h. beweeglech Gidder, deemno och Autoen oder Luxusgéigestänn, mat der Ausnam vun deem wat een als Minumum fir ze liewe brauch, wéi Bett, Dësch, Stull,...). Déi versteet hien dann op enger Zwangsstee (vente forcée).[1]

Aner Funktioune vum Dierwiechter sinn, e Constat ze maachen, dee viru Geriicht als "authentesch" ugesi gêtt (z. B. vum Zoustand vun engem Gebai, virun oder nodeem Schued duerch en Drëtten drun entstanen ass).

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De Beruff vum Dierwiechter ass reglementéiert. Viraussetzung sinn en ofgeschlossen Droitsstudium, en zousätzlecht Joer am Lëtzebuerger Droit, an ee Joer Stage, deen e muss gepackt hunn. Duerno kann een op ee Poste postuléieren, wann dee fräi gëtt. D'Zuel vun den Dierwiechter ass nämlech op 19 limitéiert, déi op déi dräi Geriichtsbezierker verdeelt sinn.

Och hir Barème vun de Fraisë si festgeluecht, wéi vill si fir den Déplacement, den Enregistrement vun engem Akt (jee no Zuel vun de Säiten a Kopien) asw. froen dierfen.

Déi lëtzebuergesch Dierwiechter sinn an der Chambre des huissiers de justice federéiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

René Link: L’huissier de justice au Luxembourg. Luxembourg.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • huissier.lu, de Site vun der Chambre des huissiers de justice.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Source vum Artikel, wou net anescht uginn: Angie Maquil: "Däi Recht als Bierger" Emissioun op 100komma7.lu, 19. Januar 2011.