Dieudonné Lambrecht

Vu Wikipedia
Dieudonné Lambrecht
Gebuer 4. Mee 1882
Gestuerwen 18. Abrëll 1916
La Chartreuse
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Resistenzler, Spioun, Armurier
Monument fir den Dieudonné Lambrecht op der Bartelméisplaz zu Léck

Den Dieudonné Lambrecht, gebuer de 4. Mee 1882 an der rue du Préay um Thier-à-Liége an higeriicht den 18. Abrëll 1916 am Fort de la Chartreuse zu Léck, war e belsche Resistenzler am Éischte Weltkrich.

Hie war de Koseng vum Walthère Dewé mat deem hien zesummen de Virleefer vum Spionage- a Resistenzreseau La Dame blanche op d'Been gestallt hat.

Seng Haaptmeriter waren, datt hien duerch seng Informationen de Fransousen den Dag vun der preisescher Attack op Verdun konnt soen, an déi do eng verstäerkt Resistenz konnten opbauen, an datt seng Informatiounen iwwer déi preisesch d'Truppebeweegunge wäit hanner de Linnen, d'Fransousen dozou bruecht hunn hir Offensiv an der Champagne zwéin Deeg méi fréi wéi geplangt ze lancéieren, wat substantiell zur franséischer Victoire bäigedroen hat.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]