Digitized Sky Survey (DSS)

Vu Wikipedia

D'Digitized Sky Survey (DSS) ass déi digitaliséiert Versioun vun enger fotografescher Duerchmusterung vum ganzen Himmel. Hie baséiert op de fotografesche Placke vum Palomar Observatory Sky Survey fir den nërdlechen Himmel souwéi d'SERC/ESO-Duerchmusterung fir de südlechen Himmel. D'Biller vum DSS sinn am FITS- a GIF-Format iwwer verschidden Datenzentren am Web fräi zougänglech, awer urhiewerrechtlech geséchert.

Déi éischt Versioun vum DSS gouf 1994 op 102 CDe publizéiert (DSS First Generation, Kompriméierung 1:10), vun 1996 u gouf mat enger zweeter Versioun (DSS Second Generation) an héijer Opléisung (1 Bousekonn pro Pixel) ugefaangen, déi elo eng Ofdeckung vun 98 % am rouden, 99 % am infrarouden a 45 % am bloe Spektralberäich erreecht[1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2008-05-09. Gekuckt de(n) 2012-09-04.