Dillendapp
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
En Dillendapp mat Schnouer
En Dillendapp ass e Spillgezei a Form vun engem Kegel, dat een op der spatzer Säit ronderëm seng eegen Achs dréine léist.
Duerch de gyroskopeschen Effet vum Dréine kritt den Dapp seng Stabilitéit. D'Spill besteet doranner, en um Dréinen ze halen, datt en net ëmfällt.
Den Dillendapp gëtt duerch eng Schnouer oder duerch eng Gäissel ugedréit, andeems d'Schnouer ronderëm den Dapp gewéckelt gëtt, an da lassgezu gëtt. Mat Hëllef vun der Gäissel léisst sech dem Dapp seng Vitesse iwwer eng Zäitchen halen.
Et ginn Zorten Dillendäpp, déi gläichzäiteg Musek spillen.
| Commons: Trompos – Biller, Videoen oder Audiodateien |