Dima Bilan
Den Dima Bilan (Дима Билан; * 24. Dezember 1981 am nordkaukaseschen Karatschai-Tscherkessien) ass e russesche Popsänger.
Inhaltsverzeechnes |
Biographie [änneren]
Wéi hien e Joer al war, ass hien a seng véierkäppeg Famill bei seng Groussmamm op Nabereschnye Tschelny an Tatarstan geplënnert, wou hie bis zum sechste Liewensjoer gelieft huet. Schonn als Kand war den Dima Bilan Solist am Schoulchouer an huet u ville Concoursen deelgeholl. No senger Première huet en op der renoméierter Gnesin Musekakademie zu Moskau studéiert.
Am September 2005 huet en zwee russesch MTV Music Awards gewonnen. Bei der Iwwerreechung vun den MTV Music Awards krut e schonn zweemol d'Auszeechnung fir de Best Russian Act. Hien huet bis elo dräi Albume verëffentlecht.
Am Februar 2007 huet den Dima Bilan seng Freiesch Rovens Pritula, e lettescht Model, an Däitschland bestuet.
Erfolleg no der Eurovisioun 2006 an 2008 [änneren]
Europawäit ass hien am Joer 2006 duerch seng Participatioun um Eurovision Song Contest bekannt ginn, wou e mat sengem Song Never Let You Go mat 248 Punkten op der zweeter Plaz hannert Lordi gelant ass.
Am November 2006 krut e bei de World Music Awards de "Best-Selling Russian Artist Award".
Der russescher Websäit RIN.ru no huet dem Dima Bilan seng Heemechtsstad, Us Jeguta, him versprach fir eng vun hire Stroossen no him ze benennen.
Et goufen duerno zwee Lidder zesumme mam Nelly Furtado am mam Timbaland opgeholl, dëst fir säin neien engleschsproochegen Album Believe.
2008 huet den Dima Bilan sech eng zweete Kéier bei der Eurovisioun versicht, du mam Titel Believe, enger Ballad déi vum Jim Beanz produzéiert a vum Timbaland geschriwwe gouf. Ënnerstëtzt gouf e bei senger Bühneperformance vum Violonist Edvin Marton a vum Äiskonschtleefer Jewgeni Pljuschtschenko. E sollt dëse Schrëtt net bereien, mat 272 Punkten huet seng Kontributioun d'Eurovisioun 2008 haushéich fir Russland gewonnen.
Discographie [änneren]
Albumen [änneren]
- Ja notschnoi chuligan (2003) (Я ночной хулиган - Ech sinn en Nuechtrowdy)
- Na beregu neba (2004) (На берегу неба - Un der Küst vum Himmel)
- Wremja-reka (2006) (Время-река - Zäit-Floss)
- Protiw Prawil (2008) (Против правил - Géint d'Regelen)
- Believe (2009) (Gleef)
- Metschtatel (2011) (Мечтатель - Dreemer)
Singlen [änneren]
Bemierkung: A Russland ass et net gängeg, Maxi-CDen ze verëffentlechen. Hei ernimmte Lidder si 'Singlen', zu deenen e Musek-Video existéiert, déi meeschtens nëmme fir d'Promotioun vum jeeweilegen Album déngen.
Auskopplunge vu 'Ja notschnoi chuligan' (2003)
- Ja notschnoi chuligan (Я ночной хулиган - Ech sinn en Nuechtrowdy)
- Malysch (Малыш - D'Kand)
- Ja tak ljublju tebja (Я так люблю тебя - Ech hunn dech esou gär)
- Bum (Бум - Bumm)
Auskopplunge vun 'Na beregu neba' (2004)
- Ty doljna rjadom byt / Not That Simple (Ты должна рядом быть - Du sollst nobäi sinn)
- Mulatka (Мулатка - Mulattin)
- Na beregu neba / Between The Sky And Heaven (На берегу неба - Un der Küst vum Himmel)
- Kak chotel ja / Take Me With You (Как хотел я - Wéi ech gewollt hunn)
Auskopplunge vu 'Wremja-reka' (2005, 2006)
- Ja tebja pomnju (Я тебя помню - Ech erënnere mech un dech)
- Eto bуla ljubov (Это была любовь - Et war Léift)
- Tak ustrojen etot mir / Never Let You Go (Так устроен этот мир - Esou lafen d'Saachen an dëser Welt)
- Newosmojnoe wosmojno / Lady Flame (Невозможное возможно - Onméigleches ass méiglech)
- Wremja-reka / See What I See (Время-река - Zäit-Floss)
Auskopplunge vu 'Protiw Prawil' (2007, 2008)
- Number one fan (Fan Nummer Eent)
- Gore-sima (Горе-зима - Ongléckswanter)
- Believe (russesche Bäitrag fir de Eurovision Song Contest 2008) (2008)
Auskopplunge vu 'Believe'(2008, 2009)
- Lonely (Eleng)
- Lady (Damm)
Weider Auskopplungen (2010)
- Safety* feat. Anastacia (Sécherheet)
Um Spaweck [änneren]
| Virgänger Marija Šerifović |
Gewënner vun der Eurovisioun 2008 |
Nofolger Alexander Rybak |
| Commons: Dima Bilan – Biller, Videoen oder Audiodateien |