Diplôme d'études approfondies

Vu Wikipedia

Den Diplôme d'études approfondies, ofgekierzt D.E.A. oder DEA, war e franséischen a belschen Universitéitsdiplom.

A Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

An der Haaptsaach goung et drëm, eng raisonnéiert an duerch prezis Quelle referenzéiert Aarbecht ze schreiwen, déi de Beweis erbruecht huet, datt de Student säi Sujet global beherrscht huet an am Kader vun enger Dokterthees am Détail ausschluechte kéint.

D'DEA-Aarbecht gouf um Enn (an der Reegel no engem Joer) vun enger Jury vu Spezialiste bewäert (Presentatioun, Inhalt an Niveau vun den Iwwerleeungen, Referenzen, Bibliographie...), a wann d'Aarbecht positiv bewäert gouf, konnt de Student eng Thees, ënnert der Leedung vun engem Patron de thèse, an Ugrëff huelen.

Déi meescht Studenten hunn allerdéngs ni eng Thees geschriwwen, mä hunn den DEA just als eng Manéier betruecht, hire Studium "ofzeronnen", ier se an dat aktiivt Liewe getruede sinn.

Duerch d'Aféiere vun de Masters (I an II) am Kader vum sougenannte Bologna-Prozess gouf en a Frankräich mam Arrêté vum 7. August 2006 relatif à la formation doctorale ofgeschaaft.

An der Belsch[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.