Dirk Bockel

Vu Wikipedia
Dirk Bockel
beim Ironman a Florida (2010)
Gebuer 18. Oktober 1976
Waiblingen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Triathlet, Erzéier
Gréisst 189 Zentimeter
Gewiicht 76 kg

Den Dirk Bockel, gebuer den 18. Oktober 1976 zu Waiblingen an Däitschland, ass en Triathlet an Olympionik[1].

2006 krut hien duerch Naturalisatioun déi lëtzebuergesch Nationalitéit[2] a war vum 1. Januar 2006 bis 19. Mäerz 2017 Sportzaldot an der Section sports d'élite de l'armée (SSEA).

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 2008 zu Peking vertrueden[3].

2012 an 2013 stoung den Dirk Bockel beim Team Leopard-Trek ënner Vertrag, wat gläichzäiteg déi éischt Kéier an der Geschicht vum Triathlon war, datt een Athleet an engem professionelle Vëlossportteam ass[4]. Hie krut 2013 den Titel vum Sportler vum Joer.

Den Dirk Bockel war duerno vun 2014 bis Enn 2015 ënner Vertrag bei der Ekipp Uplace BMC Pro Triathlon Team. Zanter engem duebelen Ermiddungsbroch am Juni 2015 huet hie weider keng gréisser Resultater méi Opweises. Am Januar 2017 huet hien dunn och ugekënnegt, mam Profisport opzehalen[5]. Wärend senger Zäit als Profisportler huet hien de gréisseren Deel vu senger Zäit an den USA (virun allem Florida an am Arizona) gelieft an trainéiert.

Zanter datt hien als Sportler opgehalen huet, schafft hien als Educateur mat Jugendlechen zesummen an engagéiert sech als Expert fir verschidden Evenementer an Organisatioune ronderëm den Triathlon[6].

Den Dirk Bockel ass bestuet a Papp vun engem Meedchen[6].

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

Datum / Joer Plaz Kompetitioun Wou? Zäit
2014-07-20 6. Challenge Roth Roth 08:22:41
2014-03-23 1. Ironman Melbourne Australesche Fändel Australien 08:01:02
2013-07-14 1. Challenge Roth Roth 07:52:01
2013-05-19 3. Ironman 70.3 Florida  USA Orlando 03:48:16
2012-10-13 10. Ironman Hawaii  USA Hawaii 08:36:21
2012-07-29 3. ITU Triathlon Long Distance World Championships Vitoria-Gasteiz 05:34:54
2012-06-17 1. Ironman Regensburg Regensburg 08:11:59
2011-10-08 4. Ironman Hawaii  USA Hawaii 08:12:58
2011-04-17 6. Ironman 70.3 New Orleans  USA New Orleans 03:26:22
2011-03-12 3. Abu Dhabi International Triathlon Abu Dhabi 06:43:42
2010-11-06 3. Ironman Florida Panama City 08:21:23
2010 3. Antwerp Ironman 70.3 Antwerpen
2010-05-30 5. Ironman 70.3 Austria St. Pölten 03:51:29
2010-05-16 3. Ironman 70.3 Florida Orlando 03:52:55
2010-04-18 5. Ironman 70.3 New Orleans New Orleans 03:54:02
2010-03-13 2. Abu Dhabi International Triathlon Abu Dhabi 06:35:30
2009-10-10 7. Ironman Hawaii  USA Hawaii 08:29:55
2009-08-08 2. ETU Triathlon Long Distance European Championships Prag
2009-05-17 1. Ironman 70.3 Florida Orlando 03:54:25
2009 3. Ironman New Zealand Taupo
2008-08-19 25. Olympesch Summerspiller 2008 Peking 01:51:31,01
2007-10-21 15. 4th Military World Games – Triathlon Mumbai
2007-05 1. Siegerland-Cup Buschhütten

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Virdrun   Sportler vum Joer   Duerno
Laurent Carnol 2013 Gilles Müller


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Dirk Bockel op der Websäit vu sports-reference.com
  2. Hermes, S., 2017.Bockels Fuß will nicht mehr. Beschwerden zwingen Triathleten zum Rücktritt. Luxemburger Wort vum 7./8. Januar 2017, Sb65.
  3. Den Dirk Bockel op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  4. RTL.lu-Artikel: Den Dirk Bockel fir 2 Joer bei Leopard-Trek
  5. "Dirk Bockel beendet seine Karriere." tageblatt.lu, 06. Januar 2017 14:26; Akt: 06.01.2017 15:06.
  6. 6,0 6,1 VIDEO - Dirk Bockel - Dat neit Liewen nom Enn vum Profisport Reportage op rtl.lu, fir d'lescht gekuckt den 30. Dezember 2018