Discworld
![]() |
| Dësen Artikel gehéiert zur Serie Literatur |
| Lëtzebuergesch Literatur |
| Literaturgeschicht |
|
Antikitéit - Mëttelalter |
| Literaresch Formen |
| Liest heizou och |
| Nationen a Sproochen |
|
Amerikanesch - Englesch |
Discworld ass eng Serie vu méi wéi 30 Bicher vum Terry Pratchett déi op enger Fantasy-Welt spillen déi eben Discworld heescht, op Lëtzebuergesch: Scheiwewelt.
Et ass eng Scheif, e bëssen esou wéi sech d'Leit aus dem Mëttelalter d'Äerd virgestallt hunn. Dës Scheif gëtt vu véier Elefanten gedroen an déi stinn um Réck vun der gigantescher Risen-Deckelsmouk Great A'Tuin, déi gemittlech duerch de Weltall schwëmmt.
Dës Welt huet seng ganz eegen Naturgesetzer, mä esouguer déi ginn zimlech dacks vun der Zauberkraaft gebéit déi op dëser Welt ëmmer present ass.
D'Iddi vun enger Deckelsmouk-dréit-Elefant-dréit-Welt ass eng Indo-Europäesch déi et ganz besonnesch am Hinduismus gëtt. Do heescht déi Deckelsmouk Chukwa. Zum Thema kann een och noliesen am The King and I an am Brewer's Dictionary of Phrase and Fable.
Zënter der éischter Geschicht, 1983 The Colour of Magic, ass se ëmmer méi bekannt ginn, a mëttlerweil ginn et Theaterstécker, Musek a Comics déi vun dëser Welt inspiréiert gi sinn. Nei Bicher si regelméisseg an de Bestseller-Lëschte vun der The Sunday Times, de Pratchett war an den Nonzeger Joren de meeschtverkaaften englesche Schrëftsteller, haaptsächlech wéinst sengen Discworld Bicher. An der Tëschenzäit ass hie vun der J.K. Rowling mat dem Harry Potter iwwerholl ginn. Discworld Bicher hunn och eng Rei Auszeechnunge kritt, wéi den Prometheus Award an d'Carnegie Medal. An der BBC hirem Big Read ware véier Discworld Bicher an den Top 100, insgesamt véierzéng an den Top 200.
Inhaltsverzeechnes |
Publizéiert Wierker [änneren]
Bicher [änneren]
Méi wéi 30 Bicher an e puer Kuerzgeschichte spillen an der Scheiwewelt. All Bicher vum Pratchett, op d'mannst déi englesch Editiounen, hu Schutzemschléi déi vum Josh Kirby (gestuerwen am Oktober 2001), gemoolt sinn. Zënter dem Doud vum Kirby huet den Artist Paul Kidby d'Bicherëmschléi gemaach.
Esou zimlech all Discworld Bicher hu keng Kapitel-Andeelungen. Meeschtens sinn et verschidde Geschichten déi matenee verwuewen sinn. Dat lescht Buch aus der Serie Going Postal ass dat éischt mat engem Prolog an Epilog.
Vill vun de Figure kommen ëmmer erëm an de verschiddene Bicher vir an et kann een eng Evolutioun bei hinne gesinn. Vu datt verschidde Bicher och an derselwechter Stad spillen, kann et och virkommen datt eng Haaptfigur aus engem Buch, op eng Kéier eng Nieweroll an engem anere Buch spillt. Zu de Figure sief nach gesot, datt de Pratchett sech ëmmer vill Méi gëtt mat hiren Nimm, déi am Englesche ganz dacks eppes heeschen, wat de Charakter vun der Figur, physesch oder psychesch, beschreift. Esou heescht eng vun den Hexe Granny Weatherwax, wat op Lëtzebuergesch kéint heesche Bomi Wieder-Wues, a genau esou gesäit si och aus. Wann eng Hex Garlick (also Knuewelek) heescht, huet dat och säi Grond.
Déi ganz Geschichte kann een a verschidde Kategorien ënnerdeelen, wou zum Beispill Figuren an Themen déiselwecht sinn:
- d'Rincewind Geschichten – Dës Geschichten dréie sech ëm de sougenannten Zauberer Rincewind. Sougenannt well a Wierklechkeet ass de Rincewind eng komplett Null wat Zauberei ugeet. Duerch eng Rei vun Ëmstänn déi een am Beschte selwer an de Bicher liest, gëtt hien awer als Zauberer unerkannt. An dëse Geschichten geet och dacks riets vun deenen aneren Zauberer, déi zum Beispill an der Zauberer-Héichschoul Unseen University liewen. (« unseen » ass Englesch an heescht: nach ni gesinn)
- d'Hexe Geschichten – An dëse Geschichten ëm d'Hexe vu Lancre spillen haaptsächlech d'Granny Weatherwax, Nanny Ogg, Magrat Garlick, a spéider och d'Agnes Nitt mat.
- Geschichte mam Doud – Hei geet et ëm den Doud a senger üblecher Personifikatioun, als Skelett an der schwaarzer Robe mat enger Séissel. Dem Doud seng Enkelin Susan, säi Butler Albert an de Raten-Doud kommen och vir.
- Geschichten em d'Stadwuecht – Dës Geschichten zentréiere sech em der Stad Ankh-Morpork hir Stadwuecht, bei eis wier dat d'Police. De Samuel Vimes ass de Kommandant, seng Offizéiere sinn de Carrot Ironfoundersson (e Mënsch deen als Zwerg obgewuess ass), Angua (e Werwollef), Fred Colon (den typesche Sergeant), Detritus (en Troll) an den "Nobby" Nobbs (e "Mënsch"). An dëse Geschichte kënnt och dacks de Lord Vetinari, Partrizier an Herrscher vun Ankh-Morpork vir.
- der Hex Tiffany Aching hir Geschichten – Et geet quasi nëmmen ëm d'Tiffany Aching, e jonkt Meedchen an d'Nac Mac Feegle. Dës Bicher sinn éischter Kannergeschichten, mä passe sech un déi aner Hexegeschichten un, zum Beispill ganz gutt am A Hat Full of Sky.
Ganz dacks beschäftege sech Discworld-Bicher mat engem Thema dat aus dem Liewe gegraff ass. The last Continent spillt an Australien a sou munnech australesch Eegenaarten dauchen op. Hogfather ass eng Geschicht wou et em Chrëschtdag geet. The Truth hëlt déi ganz Neiegkeete-Medien op d'Schëpp a bei Monstrous Regiment sinn zwee Länner am Krich géinteneen, a kee weess firwat.
Discworld Bicher:
| Numm | Grupp | ISBN | Noten | Themen |
|---|---|---|---|---|
| The Colour of Magic | Rincewind | Täschebuch: ISBN 0-552-12475-3 | Éischt Editioun 1983. Plaz 93 am Big Read. | Fantasy clichés; Rollespiller |
| The Light Fantastic | Rincewind | Täschebuch: ISBN 0-552-12848-1 | Éischt Editioun 1986. | Fantasy clichéen |
| Equal Rites | Hexen | Täschebuch: ISBN 0-552-13105-9 | Éischt Editioun 1987. | Fantasy clichéen, Gläichberechtegung vu Mann a Fra |
| Mort | Doud | Täschebuch: ISBN 0-552-13106-7 | Éischt Editioun 1987. Plaz 65 am Big Read. | Den Doud a seng Personifikatioun |
| Sourcery | Rincewind | Täschebuch: ISBN 0-552-13107-5 | Éischt Editioun 1988. | Fantasy Geschicht, Apokalypse |
| Wyrd Sisters | Hexen | Täschebuch: ISBN 0-552-13460-0 | Éischt Editioun 1988. Plaz 135 amBig Read. | Shakespeare, méi spezifesch Macbeth an Hamlet |
| Pyramids | Verschiddenes | Täschebuch: ISBN 0-552-13461-9 | Éischt Editioun 1989. | Schoulgeschichten; Egyptesch Mythologie; Quantephysik |
| Guards! Guards! | The City Watch | Täschebuch: ISBN 0-552-13462-7 | Éischt Editioun 1989. Plaz 69 am Big Read. | Krimi, Rassenhond (Draachen) Ziichterei, Fantasy Geschicht |
| Rincewind | Täschebuch: ISBN 0-575-60001-2 | Éischt Editioun 1990. Am Original als 'Discworld story' erauskomm: grousst Format a voll illustréiert vum Josh Kirby; elo als normaalt Täschebuch ouni Illustratiounen. | Faust, Dante : Inferno, Homer : Iliad | |
| Moving Pictures | Verschiddenes | Täschebuch: ISBN 0-552-13463-5 | Éischt Editioun 1990. | Hollywood, den Cthulhu Mythos |
| Reaper Man | Doud | Täschebuch: ISBN 0-552-13464-3 | Éischt Editioun 1991. Plaz 126 am Big Read. | Alien Invasioun SF, "Man With No Name" Western, Moderniséierung, Akaafszänter, Rechter vun de Minoritéite bewegungen |
| Witches Abroad | Hexen | Täschebuch: ISBN 0-552-13465-1 | Éischt Editioun 1991. Plaz 197 am Big Read. | Märercher, Voodoo an Tourismus |
| Small Gods | Verschiddenes | Täschebuch: ISBN 0-552-13890-8 | Éischt Editioun 1992. Plaz 102 am Big Read. | Relioun, Philosophie |
| Lords and Ladies | Hexen | Täschebuch: ISBN 0-552-13891-6 | Éischt Editioun 1992. | Shakespeare, UFOs, Feeën |
| Men at Arms | Staadwuecht | Täschebuch: ISBN 0-552-14028-7 | Éischt Editioun 1993. Plaz 148 am Big Read. | Krimi |
| Soul Music | Doud | Täschebuch: ISBN 0-552-14029-5 | Éischt Editioun 1994. Plaz 151 am Big Read. | Rockmusek |
| Interesting Times | Rincewind | Täschebuch: ISBN 0-552-14235-2 | Éischt Editioun 1994. | China, Kommunismus |
| Maskerade | Hexen | Täschebuch: ISBN 0-552-14236-0 | Éischt Editioun 1995. | Oper; The Phantom of the Opera |
| Feet of Clay | Staadwuecht | Täschebuch: ISBN 0-552-14237-9 | Éischt Editioun 1996. | Krimi; Roboter |
| Hogfather | Doud | Täschebuch: ISBN 0-552-14542-4 | Éischt Editioun 1996. Plaz 137 am Big Read. | Chrëschtdag; Kleeschen |
| Jingo | Staadwuecht | Haarden Deckel: ISBN 0-575-06540-0 | Éischt Editioun 1997. | Krich, Diplomatie, Rassismus a Xenophobia, Multi-Kultur, Jingoism, Globaliséierung |
| The Last Continent | Rincewind | Haarden Deckel: ISBN 0-385-40989-3 | Éischt Editioun 1998. | Action/Abenteuer; Australien |
| Carpe Jugulum | Hexen | Haarden Deckel: ISBN 0-385-40992-3 | Éischt Editioun 1998. | Vampir Geschicht |
| The Fifth Elephant | Stadwuecht | Haarden Deckel: ISBN 0-385-40995-8 | Éischt Editioun 1999. Plaz 153 am Big Read. | Diplomatie, osteuropäesch Folklor a Literatur, The Maltese Falcon, Politesch-Komplottsgeschicht |
| The Truth | Verschiddenes | Haarden Deckel: ISBN 0-385-60102-6 | Éischt Editioun 2000. Plaz 193 am Big Read. | Watergate, Zeitungen, The Front Page an His Girl Friday |
| Thief of Time | Doud, oder Verschiddenes | Haarden Deckel: ISBN 0-385-60188-3 | Éischt Editioun 2001. Plaz 152 am Big Read. | Wuxia a Filmer mat Arts Martiaux, Chaos, The Fab Four an d'Apocalypse |
| The Last Hero | Verschiddenes | Haarden Deckel: ISBN 0-575-06885-X | Éischt Editioun 2001. Publizéiert am Groussformat, illustréiert vum Paul Kidby. | Legenden, Prometheus, Dungeon&Dragons, Conan, de Barbar, de Space Shuttle, Apollo 13, an de Leonardo da Vinci |
| The Amazing Maurice and his Educated Rodents | Verschiddenes | Haarden Deckel: ISBN 0-385-60123-9 | Éischt Editioun 2001. Ee Kannerbuch aus der Scheiwewelt. Am Joer 2001 Gewënner vun der Carnegie Medal. | Beatrix Potter, The Pied Piper of Hamelin, The Secret of NIMH |
| Night Watch | Staadwuecht | Haarden Deckel: ISBN 0-385-60264-2 | Éischt Editioun 2002. Am Joer 2003 de Prometheus Award gewonnen. Plaz 73 am Big Read. | Krimi, historesch Romaner (zum Beispill Les Misérables), Zäitreesen, déi Franséisch Revolutioun, de Peterloo Massaker |
| The Wee Free Men | Tiffany Aching | Haarden Deckel: ISBN 0-385-60533-1 | Éischt Editioun 2003. Nach een Discworld Kannerbuch. | Folklore, Mythen aus Schottland, Braveheart an Highlander, Feeën Molerei vum Richard Dadd |
| Monstrous Regiment | Verschiddenes | Haarden Deckel: ISBN 0-552-14941-1 | Éischt Editioun 2003. Den Titel ass inspiréiert vun The First Blast of the Trumpet Against the Monstrous Regiment of Women. | Folklore Lidder (speziell Sweet Polly Oliver), Fraleit déi sech als Männer ausgi fir an d'Arméi ze goen (wéi den Colonel Gauntlett Bligh Barker), déi Napoleonesch Kricher, den éischte Weltkrich (speziell wat de Patriotismus ugeet, an d'"fir Chrëschtdag si mer nees doheem" Mentalitéit) |
| A Hat Full of Sky | Tiffany Aching | Haarden Deckel: ISBN 0-385-60736-9 | Éischt Editioun 2004. Discworld Kannerbuch. | D'Geschicht a Folklor vun den Hexen aus Groussbritannien, Ausserierdecher déi Gedanke kontrolléieren, Science Fiction |
| Going Postal | Verschiddenes | Haarden Deckel: ISBN 0-385-60342-8 | Éischt Editioun 2004. | Politik, Héichstaplerei, Wirtschaftskriminalitéit, Geschicht vun der Post, Wirtschafts-Monopol, häcken |
| Wintersmith | Tiffany Aching | Kéint een neie Roman sinn, op der Convention 2004 ass een Extrait virgelies ginn. | ||
| I Shall Wear Midnight | Tiffany Aching | Am 'The Art of Discworld' gëtt dovunner geschwat, vläicht een neie Roman. | ||
| nach ouni Titel | Rincewind | Wahrscheinlech een neie Rincewind Roman – aus dem 'The Art of Discworld', (et kéint awer och eng Referenz op een drëtt 'Science of Discworld' Buch sinn). | ||
| Thud | Staadwaach | Neie Roman? Een Extrait deen op der Convention 2004 gelies gouf léisst drop schléissen datt et ëm d'Verhältnes vun Zwergen an Trolle geet. (Thud ass e Spill dat ëm eng Schluecht tëschent verschidde Rasse geet). |
Kuerzgeschichten [änneren]
Et ginn och véier Kuerzgeschichte vum Pratchett déi op der Scheiwewelt spillen: Theatre of Cruelty, Death and What Comes Next, Troll Bridge an The Sea and Little Fishes. Déi éischt zwou fënnt een (op Englesch) op dësem Internet Site online. Déi drëtt ass am After The King: Stories in honour of J. R. R. Tolkien erauskomm, an déi véiert a Legends, vum Robert Silverberg.
Doriwwer eraus fënnt een all dës an nach aner Geschichten iwwert d'Scheiwewelt, zum Beispill d'Geschicht vum Thud an der Nationalhym vun Ankh-Morpork, an der Kollektioun vum Pratchett senge Kuerzgeschichten, Once More* *With Footnotes.
Quiz Bicher [änneren]
Bis elo ginn et zwee Discworld QuizBicher, zesummegestallt vum David Langford:
- The Unseen University Challenge kucke bei University Challenge (TV)..
- The Wyrdest Link kucke bei The Weakest Link (TV)..
Landkaarten [änneren]
Et gi véier Landkaarten:
- The Streets of Ankh-Morpork (1993)
- The Discworld Mapp (1995)
- A Tourist Guide to Lancre (1998)
- Death's Domain (1999)
Déi éischt zwou si vum Stephen Player gezeechent ginn, orientéiere sech u Pläng vum Pratchett a Stephen Briggs, déi drëtt ass eng Collaboratioun tëscht dem Briggs an dem Kidby, déi lescht ass vum Paul Kidby. An dëse Landkaarten ass och jeeweils e klengen Textdeel, geschriwwe vum Pratchett a Briggs.
Net-Fiktioun Bicher [änneren]
De Pratchett huet zesumme mat dem Ian Stewart an dem Jack Cohen dräi Bicher iwwert d'Wëssenschaft geschriwwen, als Hannergrond natierlech d'Scheiwewelt:
- The Science of Discworld
- The Science of Discworld II: The Globe
- The Science of Discworld III: Darwin's Watch
Agenda [änneren]
All Joer gëtt et och en Agenda Discworld Diary an e Kalenner.
Associéiert Verëffentlechungen [änneren]
- The Discworld Portfolio (eng Kollektioun vum Paul Kidby sengen Zeechnungen)
- The Discworld Companion (eng Enzyklopedie iwwert Discworld, zesummegestallt vu Pratchett a Briggs)
- Nanny Ogg's Cookbook (e Kachbuch mat Rezepter, iwwert Etiquette, Blummesprooch etc., geschriwwe vum Pratchett mat dem Stephen Briggs an Tina Hannan)
- The Art of Discworld (dem Paul Kidby seng Konscht)
- The Ankh-Morpork Almanack (een Almanach vir d'Joer op der Scheiwewelt, Stil Agenda, vum Pratchett mat dem Bernard Pearson)
Adaptatiounen [änneren]
Theaterstécker [änneren]
Bis elo ginn et néng Theaterstécker vun Discworld Bicher, iwwregens ginn déi Sue vun dësen Urheberrechter direkt un ONGe gespent. D'Adaptatioune si vum Stephen Briggs a si fir d'éischt vun dem Studio Theatre Club zu Abingdon, am Oxfordshire produzéiert ginn. Zum Beispill wieren dat The Truth, Maskerade, Mort, Wyrd Sisters, a Guards! Guards!. Dës Theaterstécker si mëttlerweil schonn op alle Kontinenter opgefouert ginn, anscheinend esouguer schonn an der Antarktis.
Filmer [änneren]
Et gouf schonns e puer Versich Filmer ze dréien, mä déi sinn alleguer un de Käschte gescheitert. Snowgum Films, e Filmstudio an Australien soll awer elo d'Opname fir de Film Troll Bridge fäerdeg hunn.
Animatiounen [änneren]
Animatiounen ginn et vu Soul Music a Wyrd Sisters, produzéert vu Cosgrove-Hall Productions fir Channel 4 am Joer 1996. Déi kritt een op DVD a VHS. De Soundtrack vu Soul Music gëtt et op CD.
Radio Adaptatiounen [änneren]
Et ginn eng sëlleche BBC Radio Adaptatioune vu Scheiweweltgeschichten, zum Beispill vu Wyrd Sisters, Guards! Guards! (erzielt vum Martin Jarvis) a Mort.
Spiller [änneren]
Rollespiller [änneren]
Den Terry Pratchett huet zesumme mat dem Phil Masters zwee Rollespiller fir d'Scheiwewelt mat dem GURPS Spillsystem erausbruecht:
- GURPS Discworld
- GURPS Discworld Also
Een inoffizielle Supplement gëtt et online:
- GURPS Discworld Bye Nighte
Computerspiller [änneren]
Discworld Computerspiller:
- The Colour of Magic (Sinclair Spectrum)
- Discworld 1 (PC/Microsoft Windows)
- Discworld 2: Missing Presumed...!? (PC/Windows)
- Discworld Noir (PC/Windows, PlayStation)
- Discworld MUD (Internet)
Gesellschaftsspiller [änneren]
Et gëtt een Discworld Gesellschaftsspill, Thud, geschaf vum Trevor Truran.
Merchandise [änneren]
Merchandise mam Thema Discworld gëtt et vum Stephen Briggs, Bernard Pearson a Clarecraft (ganz besonnesch flott Figuren).
