Diskussioun:Äifel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Hm, kenn ee sech do 100% secher sinn, datt d'Ardennen net identesch mat der Äifel sinn? Ass "Eifel" net éischter einfach nëmmen den däitsche Numm? Datt d'Geologie sech op der Grenz een Zack ännert, kenn ech net wierklech gleewen. Kuck och den Artikel iwwert d'Éislek Kaffi 17:15, 18 Mäerz 2006 (UTC)

Äifel oder Eifel , wat ass et elo richteg?????, am Artikel steet zum Deel Eifel an zum Deel Äifel. E Fall fir eis Adminen.Johnny Chicago 09:57, 1 August 2006 (UTC)

Salut, Ët ass sécher een an de selwechte Biergmassiv, mä je nodeem wou ee steet, seet een anescht. A Frankräich seet een "les Ardennes", an der Belsch soën së éischter "l'Ardenne" (awer nët ëmmer!), mir soën "Éisleck" fir eisen Deel, an d'Preise soën "Eifel" fir hiiren. Dat Ganzt kënnt duerchaus "Ardennen" (am weide Sënn) genannt ginn. Mä op dat an Däitschland Sënn mécht???

Zu Lëtzebuerg schwätze mir "Eifel" éischter "Äifel" aus...

Bis bal, Chris

Moien,
Ech huelen un datt well mer zu Lëtzebuerg Äifel soen, den Artikel dofir och esou genannt gouf. Oder ass do eppes falsch drun? Oder verstinn ech eppes falsch?
Les Meloures 10:31, 2. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]
Et gëtt e grousse Schiferensembel, deen an Däitschland "Rheinisches Schiefergebirge" heescht, dee westlech iwwer d'Belsch a Lëtzebuerg ewech bis a Frankräich reecht, an deen aus verschidde Naturraim zesummegesat ass. D'Grenze vun den Eenheeten verlaafen generell laanscht zwou Linnen: de Rhäin am Osten an d'Sproochgrenz tëschent dem romaneschen an dem germaneschen Deel vun Europa am Westen. Op der Kaart riets vun dësem Text ass dat ganz gutt ze gesinn.
Dee gréissten Deel am Westen vun der Sproochgrenz heescht Ardennen, ob mat oder ouni s, an ëstlech dovunner am Norden Äifel, am Süden Hunsrück. Dotëschent leie Gebitter, déi méi lokal Bezeechnugen hunn ewéi "Hohes Fenn" an der Belsch, wat u sech eng Bezeechnung fir déi héichste Gebitter an däer Region ass, an Éislek (L), Islek (D) oder Eeslek (B) südlech dovunner, woubäi déi Deeler an der Belsch an an Däitschland zur Äifel gezielt ginn an dee lëtzebuergeschen Deel zu den Ardennen.
Dat wier en Thema, wat ee misst ee fir allemol opgrond vu Fachliteratur klären an duerstellen, da gëtt et och keng Diskussiounen méi doriwwer. Dat ass secherlech schonns längst vun den (Lokal-)Historiker a Geographen an deenen dräi Länner ënnersicht ginn.
--Christian Ries 16:52, 2. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]
Moien,

a Merci fir Är Remarquen zu dësem Artikel.

D'Wikipedia ass e Gemeinschaftsprojet, deen doduerch wiisst, datt d'Artikele vun de Mataarbechter verbessert an ausgebaut ginn.

Wann Dir Eppes fonnt hutt, dat kéint verbessert oder méi kloer ausgedréckt ginn, da schreift et wgl. an den Artikel selwer, op der Diskussiounssäit ass kengem domat gehollef.

Merci, an op eng gutt Zesummenaarbecht!