Diskussioun:Éisträich-Ungarn

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien! Firwat steet hei (an op aner Plazen) "Habsburg-Louthrengen", wa soss awer "Loutrengen" fir d'Regioun oder fir d'Herzogtum geschriwwe gëtt? A firwat net "Habsbuerg" wa "Lothringen" schonn verlëtzebuergescht gëtt? Wéi ass et mat der Logik? Bis bal, d.r.

Moien och, ma ganz einfach well Habsburg keen Toponym wéi Loutrengen ass. Wann ee Mann Bisdorf heescht da schreiwe mer och net Bisduerf. Sou ass et mat der Logik. Bis zur nächster onlogescher Situatioun.
Wat den h hanner dem t ugeet, sou ass dat eng falsch Schreifweis am Lëtzebuergeschen, déi dommerweis an e puer Artikelen iwwersi gi war, wat awer keng Ursaach soll sinn fir just déi elo opzegräifen a mat der falscher Schreifweis weiderzefueren.