Diskussioun:Ëtteng

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

eng orthographesch Fro: Misst et net "Ëtteng" mat 2 'T' sinn? An och bei "Loutréngen" stellen ech mer Froen iwwert den Accent (Rëmmeleng zB huet keen um "eng").

--Zinneke 09:50, 24 Mee 2005 (UTC)

Dat doten ass effektiv eng gutt Fro. Ech hunn et emol mat Ëteng mat engem "t" versicht, par analogie zu Rëmeleng, wat nom kuerzen "ë" och just ee Konsonant kritt (also keng zwee "m" wéi et uewe steet).

Och bäi Loutréngen hunn ech mer Froe gestallt. En attendant hunn ech emol dem Briséis vertraut, wat et mat Accent geschriwwen huet, well ech mer net sécher sinn, op dat éng do an der Mëtt vum Wuert elo betout gëtt oder net. Ween do méi weess respektiv e bessert Ouer fir Betounungen huet... --Otets 10:11, 24 Mee 2005 (UTC)

"Loutrengen" gëtt op der éischter Silb betount, also wéi Wickreng a Welfreng oder Rollengen ouni Accent geschriwwen. Wa Peppeng, Bëttel, Eppelduerf en Duebelkonsonant hunn, liicht et mär net an, firwat Ëtteng kee soll hunn. Eleng fir ze betounen, datt den "Ë" kuerz ausgeschwat gëtt. --Cornischong 01:03, 25 Mee 2005 (UTC)

Dat liicht an. Méi wéi ekläers de dann datt Rëmeleng just een "m" huet, obwuel och do den "Ë" kuerz ausgeschwat gëtt? Eng Ausnam? --Otets 09:16, 25 Mee 2005 (UTC)

Ouni mech ze wäit aus der Fënster ze hänken: Wann ee sech déi franséisch oder däitsch Versiounen ukuckt, da gëtt et schonns méi kloer firwat et Dummeldeng a Rëmeleng ass. De Robert Bruch schreift schonns a senger Luxemburger Grammatik in volkstümliche Abriss: .. die Schreibung des Luxemburgischen richtet sich nach den vertrauten deutschen und französischen Wortbildern, es sei denn, die eigenen Entwicklungsgesetze der luxemburgischen Mundarten hättenzu ohrenfälligen Lautungsverschiedeheiten im Vergleich zu den beiden amtlichen Schriftsprachen geführt.(§ 1,3) Am "Fong" huet sech jo eigentlech zënterhier näischt g'ännert. --Cornischong 10:16, 25 Mee 2005 (UTC)

Firwat gouf Nondkeil op Etteng weidergeleet an dat och nach ënner 4 Varianten.
ass Nondkeil net derwärt dat et säin eegenen Artikel kritt.

Les Meloures 11:10, 7 Januar 2007 (UTC)

Ech hunn am Ament keng gutt Ënnerlagen iwwer Nongkäl zur Hand, mee wann een der huet da géif näischt géint en eegenen Artikel schwätzen. De Redirect ass bis dohin net falsch, well zënter bal honnert Joer ass Nongkäl elo schonn zur einfacher Cité bannent der Uertschaft Ëtteng degradéiert ginn. --Otets 18:16, 7 Januar 2007 (UTC)

Nodeem ech d'Websäit vun der Gemeng an de Stadplang studéiert hunn, hunn ech festgestallt dass d'Gemeng de Numm dréit "Ottange-Nondkeil" an dass et an dëser Gemeng zwou geografesch getrennt Uertschafte ginn, "Ottange" a "Nondkeil". --Pecalux 17:45, 19 Februar 2007 (UTC)