Diskussioun:26. Mäerz

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

D'Schëff Discovery gouf entlinkt.

Dofir just eng Fro: Wat soll velinkt ginn a wat net? Huele mer och op anere Säiten änlech Linken eraus? A firwat bleiwen anerer op dëser Säit stoen. Gëtt et do en Hierarchie?

Les Meloures 10:18, 27. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien, "informell" ass et esou, dass bei den Datumssäiten just déi wesentlech Saache verlinkt ginn; d.h. den Haaptlemma em dat et geet; bei zwee "gläichwäertegen" och alt der 2. Sou ginn bei den Datumen zB d'Nationalitéiten net verlinkt. Hei ass, mengen ech, de Mann wéi wichteg wéi den Numm vum Schëff, dofir ass deen Numm net verlinkt (géif et en Artikel iwwer dat Schëff, well dat iergend eppes besonnesches wier, da kinntet verlinkt ginn. Mee wéi gesot, "Reegele" ginn et do keng, a mer sollten eis dofir de Kapp net driwwer zerbriechen. --Zinneke 16:24, 27. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Remoien,

Merci fir d'Äntwert.

Ech hu just festgestallt dat d'Cinémathèque déi zënter dem 28. November 2004 verlinkt do steet net entlink gouf. Dofir meng Fro wéinst der Hierarchie.

Wéinst dem Schëff hat ech d'Nosich gemaach ëm watereng Discovery et sech géi dréinen an dofir de Link [[Discovery (1602)|Discovery]] gemaach mat der Intentioun den Artikel ze maachen. E Puer Minutten duerno hunn ech festgestallt datt de Link veschwonne war, ouni datt aner Linken op der Säit déi och net méi wichteg waren stoe gelooss goufen. An esou Fäll ass et normal datt ee sech Froe stellt, an ech fir méin Deel hunn d'Saach dunn opginn, einfach well ech esou arbiträr Interventiounen nieft der Schinn fannen.

Ech hat och an der heiter Saach am Fong keng Äntwert vum Zinneke erwaart, mee an éischter Linn vun dem Benotzer deen entlinkt huet.

Et sief, ech kréie bei sou Aktiounen all Dag méi d'Flemm, einfach well ech de Sënn dervunner net agesinn. Huet schonn e Wikilink och wann e verschidene Leit hirer Meenung no, zevill do steet, schonns eng Kéier engem wéi gedo.

Les Meloures 19:43, 27. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Et wier och emol vläicht gutt e Bléck an Dagessäite vun anere Wikien ze werfen, wéi déi dat maachen, éier een op der lb:Wiki onkonstruktiv Aktioune mécht. Les Meloures 09:11, 28. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]