Diskussioun:4. Mee

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Et ass net ubruecht Biller an dës Säiten ze setzen, seet een.

Firwat ass dat net ubruecht?

Aner Wikien hunn dat och.

Ass de Wiki Lëtzebuerg eng Ausnam? (onsignéierten Edit vun der IP 109.143.49.178 vum 17. Abr. 2013 08:36)

Gudde Moien, seet een.
(Normalerweis reagéiere mir zwar net op anonym Editen, dat hei soll eng Ausnam sinn.)
Firwat ass dat net ubruecht? Hei eng Äntwert: 'Datumssäiten sinn nëmmen eng Opzielung vu Faiten, déi deen Dag passéiert sinn. Fir Detailer oder evt. e Bild ze gesinn, brauch ee nëmmen de bloe Link unzeklicken.
Stell Dir mol vir, fir all Evenement vum 4. Mee (momentan sinn et der 42) géif e Bild agesat kréien, wat jo, Denger Meenung no, nëmme normal wier. Du sees elo bestëmmt, et misst jo net fir all Evenement e Bild do stoen. Wellech Kriterien muss dann en Evenement erfëllen fir däerfen e Bild spendéiert ze kréien?
Ob aner Wikien dat hunn oder net ass deenen hire Béier an huet näischt mat lb.wikipedia ze dinn. --Pecalux (Diskussioun) 08:43, 17. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]


Moien, d'IP-Ännerung hënnt war vu mär, mäi Log-in war ausgelaf. Ech hu virun zwéi Méint ugefaangen, op den Dag-Säiten bei de Gebuerte vun deem Dag Fotoe vu maximal enger halwer Dose Leit an enger Galerie derbäizesetzen, fir déi Säiten e bësse méi attraktiv ze maachen (nozekucke vum 15. Februar un, ech si bis elo bis uganks Mee komm). Bis ewell huet nach keen eppes géint de Prinzip u sech ze soe gehat. Ech gesinn och net, wat mam Bäisetze vun e puer Biller net gutt wier - et sinn der net zevill, se si relevant, net ze grouss a lenken net vum vum Sujet of... Iwwer d'Auswiel kann natierlech gär diskutéiert ginn (et ass eng Kombinatioun vun Argumenter ewéi: méi oder manner grousser Bekanntheet, Verfügbarkeet vun enger fräier Foto, Balance tëscht Länner vu wou se hier sinn, hire Beruffer an tëscht Männlein a Weiblein, etc.), mee vü dass nach soss keen d'Saach opgegraff hat, hunn ech eng Iwwerformaliséierung vun deene Critèren bis dato als eng negativ Prioritéit ugesinn. --Zinneke (Diskussioun) 08:51, 17. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]