Diskussioun:800-Meter-Laf

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Den zweeten Tour gëtt am Laktat-Beräich gelaf.[Quelltext änneren]

Dës Ausso héiert sech u wéi wann am Reglement festgeschriwwe wier, dass déi déi lescht 400 Meter missten am Laktat-Beräich gelaf ginn. D'Laktat-Schwell ass awer bei all Athlet anescht, also reng subjektiv. Ausserdeem kann all Athlet, wann en e schlechten Dag huet oder net gutt trainéiert ass, och bei anere Laf-Strecken an de Laktat-Beräich falen. Also: De Laktat-Beräich huet eppes mat der Form vum Leefer ze dinn a näischt mat der Distanz. Dofir proposéieren ech dës Ausso ze sträichen oder ze relativéieren an an engem eegenen Artikel z'explizéieren. --Pecalux (Diskussioun) 03:51, 16. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]

Re: Laktat Schwell[Quelltext änneren]

Dann eeben: Den zweeten Tour gett meeschtens am anaeroben Beräich gelaaf.

Natierlech ass dat bäi all Athlet aanescht, mee och een Rudisha kennt an desen Beröich, dann eeben op den leschten 300m, mee Top-Athleten kennen domader besser emgoen, d.h et gesäit trotz Iwwerseierung nach emmer schéin aus. An dei Ausso dass den 2. Tour am Laktat Beräich gelaaf gett ass gerechtfärtecht, well d'Regel ass op der 800m: Den éischten Tour, an och den 2. Tour nemmen 3-4 Sek mei lues ungoen, weiseng P.B op dr 400m, dat heescht dat ass baal Sprint an d'Muskelen ginn do no engem Tour sauer. Mee et muss een traineieren, fir dat auszehaalen.

Är Ausso, dat Nettraineiert Sportler mei seier an desen Beräich kommen ass net ganz Richteg, well si meeschtens vun der Ausdauer gebremst ginn an net sou wäit kennen goen. Duerchtraineiert Sportler awer hun keen Probleem mat der Ausdauer, hei sinn et d'Been, di net mei matspillen.

Wann der hei mat d'Accord sidd, dann kennen mer d'Ausso dohin schreiwen, wei se do uewen steet. Me1997


Moien,
wier et net méi wichteg z'erklären, wéi sou eng Course sech ofspillt amplaz iwwer den d'Anaerob Schwell ze referéieren. An den anere Wikië gëtt dat just um Rand a bei den Trainingsmethoden ernimmt. --Les Meloures (Diskussioun) 10:32, 16. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]


RE: Lo misst et besser sinn. Me1997

Iwerärbechtung[Quelltext änneren]

Keng Suergen, ech wärt den Ofschnett Training iwerärbechten.