Diskussioun:Abtei Notre-Dame de Clairefontaine (Clairefontaine)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Iergendwéi passen e puer Saachen op der Wiki netzesummen.


Hei am Artikel steet datt d'Abtei 1794 vun de Fransouse verbrannt gouf.

An Artikel Anna Moes steet: Si huet d'Dominikanerinneklouschter um Lampersbierg gestëft, deem seng Priorin se gouf, a spéider och dat vu Clairefontaine. D'Anna moes ass awer eréischt 1825 op d'Welt komm.

Wou soll dat Klouschter da gestanen hunn, a wéini ass et erëm verschwonnen? Oder ass eisen Artikel iwwer d'Abtei nach zimmlech onkomplett.

Oder ass déi Info iwwer d'Anna Moes déi een och nach op aneren Internetsäite fënnt, falsch?

Les Meloures 16:04, 30. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Och Moien.
De P.J. Muller schreift am "Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes": ... kauften die Schwestern (( = Dominikanerinne vum Lampertsbierg)) zu Clairefontaine bei Eischen ein altes Gebäude, Überbleibsel der früheren Schmelz. Später fanden .... --Pecalux 16:58, 30. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Merci, fir d'Info,

Weess de net op een de Müller nach ze kafe kritt?

Les Meloures 20:10, 30. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Neen, ech weess et net. Ech huelen awer un dass e vergraff ass. Ausserdeem sti vill Feeler drann; et kann ee sech net 100%eg op e verloossen. --Pecalux 05:31, 31. Mee 2010 (UTC)[äntweren]