Diskussioun:Action solidarité tiers monde

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

vu vireran kloer
Do insistéiert dem spellchecker.lu seng Eifeler Reegel awer op den "n"? --Jwh 14:12, 31. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien,

D'Grammaire de la langue luxembourgeoise vun 2005 seet op der Säit 19 kloer, datt mat der Eifeler Reegel virum k keen n kënnt. E gëtt jo och net ausgeschwat. Les Meloures 14:30, 31. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]


Remoien,

Ech gesinn et gouf och ee Redirect mat ASTM gemaach. Kann et net sinn dat déi Ofkierzung och nach fir aner Saache gebraucht gëtt, wéi z.B. fir American Society for Testing and Materials.

Soll ech dann esou eppes maachen? --Jwh 15:02, 31. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]
Remoien
Ech hunn déi Homonymie gebastelt, an anengems eng Informatiounsschabloun gemaach fir d'Homonymie vun Ofkierzungen. Mat där Schabloun ginn d'Lemmaen automatesch an d'Kategorie gesënnert, déi derfir geduecht ass. Fir datt déi automatesch Sënneraktioune korrekt oflafen, muss een allerdéngs den DEFAULTSORT mat an den Homonymiesartikel setzen. Les Meloures 15:49, 31. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]