Diskussioun:African Development Bank - Banque africaine de développement

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Deen hei Lemma haalen oder op Afrikanesch Entwécklungsbank reckelen, fir datt weder de franséischen, nach den engleschen Numm, déi jo am Fong glächgestallt sinn, ze favoriséieren? Soss einfach loossen wéi et ass --Bdx (Diskussioun) 17:29, 19. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Hei wier et dann och vläicht gutt ze wëssen, wéi d'Bank sech selwer nennt. --Les Meloures (Diskussioun) 18:34, 19. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Ma wéi gesot, d'Bank huet zwou offiziell Sproochen, dat heescht Banque africaine de développement an African Development Bank sinn allenzwee korrekt. Souwäit ech weess ginn och am Logo ëmmer déi zwee Nimm benotzt. --Bdx (Diskussioun) 10:55, 20. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Da kéinte mer et jo maachen wéi bei de Belschen zweesproochegen Uertschaften. z.B Saint-Gilles / Sint-Gillis --Les Meloures (Diskussioun) 11:01, 20. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Dat géif mir goen, wat soen déi aner? --Bdx (Diskussioun) 18:27, 21. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Et huet jo bis elo keen eppes gesot. D'Diskussioun war jo op. Ech réckelen emol --Les Meloures (Diskussioun) 18:39, 21. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Gutt gemaach --Bdx (Diskussioun) 13:00, 22. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech wär fir "Afrikanesch Entwécklungsbank", aus de bekannte Grënn. Maacht awer wéi der denkt, kann och mat engem Duebelnumm hei liewen. --Otets 15:58, 22. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Ech hu meng Meenung geännert, lo wou ech gesinn datt et nach aner Organisatioune ginn mat méi Sproochen wou den Numm och schon op Lëtzebuergesch ass (cf. Weltbank, Vereent Natiounen...). Hunn et zréckgeréckelt. --Bdx (Diskussioun) 12:41, 1. Sep. 2014 (UTC)[äntweren]