Diskussioun:Albert Kratzenberg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

An der Versioun vum 6. Februar 2012 steet: “1949 koum hien op Lëtzebuerg zréck, wou hie Coursen am Zeechnen an an der Skulptur zu Esch-Uelzecht ginn huet.“ Dat setzt jo viraus, datt d'Uerteel vun 1947 net applizéiert gouf. Gouf hien graciéiert oder huet hie vun enger Amnestie profitéiert? --Jamcelsus 15:03, 16. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Bei Geleegenheet kucken ech mol an der Histoire de l'extrême-droite au Grand-Duché de Luxembourg au XXe siècle vum L. Blau no.--Fliedermaus 15:55, 16. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]
Ech hunn dat gemaach, an näischt fonnt. Mee vläicht hunn ech eppes iwwersinn. --Jamcelsus 16:05, 16. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Ech verstinn de Kontext vum Saz “1949 koum hien op Lëtzebuerg zréck, wou hie Coursen am Zeechnen an an der Skulptur zu Esch-Uelzecht ginn huet" net. Vu wou koum hien zréck? Aus Däitschland, wou hien no senge Studien e puer Joer geschafft huet? Dat kann et jo net sinn. Do feelt eppes. Gewosst ass, datt de Kratzenberg an den 1930er Joeren zu Esch "Professer" an der Handwierkerschoul war. Cf. Escher Tageblatt 1930, Nr. 91 (25. März): 4 (Esch-Alz.. 25. März. Ernennung. Herr Albert Kratzenberg, bisher Kursusleiter. wurde zum technischen Lehrer der gewerblichen Fortbildungsschule ernannt.) [1] — Cf. Escher Tageblatt 1936, Nr. 238 (9. Oktober): 4 (Esch-Alz., 9. Okt. Gewerbeschule. Herr Professor Albert Kratzenberg ist von der Direktion von seinen Kursen an der Gewerbeschule entbunden worden, um sich den Arbeiten für die Ausarbeitung des Planes für den Luxemburger Pavillon bei der künftigen Pariser Ausstellung ganz widmen zu können. [2]). Am Krich war den Albert Kratzenberg zu Lëtzebuerg, wéi e Bléck an d'Zeitungen [3], wou hie bei Ausstellungen matgemaach huet, dat weist. Wat hie vum September 1944 bis 1949 gemaach huet, weess ech net. --Jamcelsus 16:09, 16. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

"1949 koum hien op Lëtzebuerg zréck": dat misst 1919 gewiecht sinn. (cf. AZ-Artikel vun 1935). Dat gouf lo am Artikel verbessert.--Fliedermaus 12:20, 17. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]