Diskussioun:Aristagoras

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Hie wor den Jong vum Molpagoras an de Schwoër vum Histiaeus .." - No deem, wat ech weess, war den Aristagoras net de Schwoer mee den Eedem vum Histiaios. An, bei Aristagoras gëtt et eng Homonymie mat zwéin Aneren: dem Herakleides sengem Jong, deen Tyrann zu Kyme war an dem Tyrann vun Kyzikos, allenzwee beim Herodot am véierte Buch ze fannnen. --Cornischong 13:35, 2 Feb 2005 (UTC)

An ech hu gemengt Schwoer = Eedem, an zwar well Schwoer vu Schwiegersohn an Eedem vun Eidam, dem aalen däitsche Wuert fir Schwiegersohn ging kommen. Lëtzebuergesch Sprooch, schwéier Sprooch ;-) Waat déi aner Aristagorasen ugeet: den Herodot schwetzt extrem vill wann den Dag laang ass, an eigentlech sinn déi aner quasi net bekannt, an deen heiten Aristagoras stecht eraus als Unzettler vun der Ionescher Revolt déi jo net onwichteg fir d'Perserkricher ass. Dofir ass deen heiten och den "Haapt"-Aristagoras-Artikel. Et kann een natierlech ëmmer nach uewen, sou wéi beim Bréisseler Artikel, e Satz hiknetzele mat Deen hei Artikel befaasst sech mam A, Tyrann vu M. Fir aner Persoune mam selwechte Numm kuckt w.e.g. den Artikel A (Homonymie). Waat mengs du ? --Briséis 01:41, 3 Feb 2005 (UTC)

Halli. Also "Schwiegersohn" = Eedem; "Schwiegertochter" = Schnauer; "Schwager" = Schwoer; "Schwägerin" = Schwéiesch (alleguer an der Méizuel mat -en). An dat no engem Oral! Zu eisem Trio: Et hätt ee besser, et setzt een se elo schon an, soss kënnt nach ee meckere kommen:-) An nach eppes: An deene Fäll so misste mer kucken, fir bei der Literatur unzeginn, wou een déi Leit fanne kann. Dat kënnt mer ganz wichteg vir, well wann ee gär wéisst wat den %*ç&* iwwer Deen an Dee geschriwwen huet, da kann all Mënsch dat noliesen. Dat gëllt natierlech nëmme fir Déi, déi näischt gleewen:-)). Essential, my dear ... ((Geheim: Geet keen Aneren eppes un!: Du wäers nach bannen e puer Stonnen Optimistesches an der "Këscht" fannen. Hänkt nach vun der Mittizechkeet of)). --Cornischong 02:03, 3 Feb 2005 (UTC)