Diskussioun:Astana

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wat e Kreemchen![Quelltext änneren]

Neen, ech hat haut kee schlechten Dag, mee lo hunn ech mer dat Déngen, ech mengen deen "Artikel" iwwer Astana ugekuckt, an ech wollt emol drop agoen. De Cornischong hat domat ugefaangen, well him d'Foto vun dem Tuerm sou gutt gefal huet. An en hat eng Awunnerzuel vun "eppes iwwer 550.000" dragesat. Duerno mécht een eng Këscht, an där "550.000 (2005)" drasteet. Domat widersprécht déi eng Zuel schonns där anerer. Mierkt deen (ech weess net wien et ass, an ech kucke léiwer net) deen déi Zuel an déi Këscht setzt net, datt schonns eng (richteg oder net) Zuel direkt niewendru steet???? Dann ass an der Këscht eng Plaz, déi op mengem Monitor 4 mol 4 cm grouss ass, déi fir eng Kaart ("Kaart feelt nach") geduecht ass. Wat soll dat fir eng Kaart sinn?? Da sinn an der Këscht 4 (véier) Fragzeichen dran!! Natierlech ass Plaz gelooss fir de Buergermeeschter, deen awer keen nosicht. Ech och net, well ech dat relativ (!) komplette Kabes fannen. A well mer eis jo iwwer all Foto freeën, steet och eng dran mat der Erklärung "New buldings in Astana" Se ass zwar kromm, mee se ass wéinegstens op Englesch. Plaz fir e Wopen ass natierlech och do; et ass just keen dran, an et steet net do "Wope feelt". Iwwer d'Awunnerzuel nach dat hei: De Fischer Weltalmanach 2008 schreift, bei der leschter Vollekszielung sinn 1999 313.000 Liet gezielt ginn. An der de-Wiki steet et wieren der op den 1. Januar 2007 571.000. A fir ze weisen, datt déi Zuel net vun der Heck geüléckt ass, gi se natierlech eng "Quell" un: Wann ech op dee Link klicken, da kommen ech bei eng "World Gazetteer"; an do seet "2008 389 189 Berechnung"!! Ass dat net léif? Déi ginn also eng Quell un, déi iwwerhaapt net mat deem iwwereestëmmt, wat se an hirer eegener Këscht stoen hunn. Ech ernimmen dat, well der hei genuch deenen hiren Déngen aus der Hand friessen. Ech ginn all Dag méi allergesch vis-à-vis vun de Këschten! Sou, lo hunn ech mol erklärt, firwat ech "esou" (!) e Këschteschrott total iwwerflësseg fannen. Dat war et schonns. --Cornischong 23:08, 31. Mäe 2008 (UTC)

Nach eppes:Spill elo keen de Beleidegten. Ech hunn dat emol eng Kéier opgezielt, well et, wéi et schéngt, kengem opgefall ass, wat do zesummegekacht gëtt. Et ass net vu Muttwëll, sech emol Gedanken ze maachen, wéi mer laanscht dee £%$* komme kënnen. An deem Sënn. --Cornischong 23:13, 31. Mäe 2008 (UTC)