Diskussioun:Atheismus

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

transzendent - transzendental Ech mengen mir sollten déi Saach dann emol diskutéieren. Transzendent set en normalerweis, an engem Kontext vun Relioun, fir eppes dat iwwernatierlech ass, eppes also dat nett matt eise Senner oder eiser Technik erfuerbar ass. Et stet also fir eppes méi vagues ewéi Gott, mä eppes wat iwwert eis erfuerbar Welt erausget. Transzendental ass e Begreff (haaptsächlech vum Kant gebraucht) de fir d'Egenschaften vun eisem Erkenntnisverméigen stet, e bezitt sech op eis an net op eppes auserhalb vun eis. cf. den Artikel [1] - Marcus

Ech hu kee Problem domat, wann s de mengs, datt "transzendent" besser géi passen. Ech hu just e Problem, wa bäi all Ännerung gläichzäiteg och d'Spezialzeechen (déi kyrillesch, chineesesch an aner Buschstawen bäi den Intwerwiki-links) a Froenzeechen ëmgeännert ginn. Iergendwéi hues du, waarscheinlech ouni et ze mierken, UTF-8 Encoding op ASCII Encoding ëmgestallt, deen déi net-laténgesch Buschstawen net ënnerstëtzt a se duerch einfach Froenzeechen ersetzt. Dat misst un dengem Browser oder un dengem Textveroarbechtungsprogramm oder un denger copy/paste Funktioun leien, well soss weess ech och net wouhier de Feeler kéint kommen. --Otets 15:26, 11 Juli 2005 (UTC)