Diskussioun:Automotrice

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Am Geigensaatz zu engem Autorail ass et awer technesch méiglech di eenzel Elementer vun der Motrice nei zesummen ze setzen.

1) Stëmmt dat?
2) wat ass met technesch méiglech gemengt.

Les Meloures 14:02, 23. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

En Autorail ass eng Uniteit dei vum Wierk aus fest zesummenass an net kann ausenaaner geholl gin. Wann der Ierch d'Foto vun daer 2000er ukuckt, dei besteet aus 2 Deeler, dei am Fong ennertenaaner kennen getosch ginn. Sprech, dir keinnt een Deel vun der 2001 huelen an dei mat engem Deel vun der 2007 zesummensetzen an se waerten matenaaner funktionneiren. Den Autorail ass normalerweis mei kleng an doweinst net ze trennen.

--Luxmaster051 17:25, 23. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]


Remoien,

Mär gefällt dat Wuert normalerweis an dësem Kontext ganz gutt. Dat passt ëmmer gutt fir pauschal Aussoen ze ënnerstëtzen. Et ass dommerweis esou datt mer d'Wuert Autorail aus dem Franséischen hunn. D'Fransousen an d'Belsch hu wuel Autorailen déi aus méi Unitéite bestinn.

Déi Däitsch hu fir dat wat mir Autorail nennen souguer zwou Bezeechnungen. Fir d'Automotrice soen se Triebwagen ob elektresch oder Diesel, a fir déi aner wéi z.B den Uerdinger soen se Schienenbus.

Bei de Fransousen ass den Ënnerscheed vun der Automotrice zum Autorail deen datt déi eng elektresch sinn an déi aner mat Dieselmotoren ugedriff ginn.

E gutt Beispill dofir ass z.B déi Lëtzebuergesch Serie 200 (Westwaggon) dee wéi eng Automotrice zesummegebaut war, awer mat Diesel fonctionnéiert huet. Anerer déi änlech zesumme gebaut si wéi Automotricen, sinn z.B. de franséische B 81500 an déi belsch Serie 41.

Well dat alles net esou einfach ënner en Hutt ze kréien ass, soll een demno sou Erklärunge mam auserneen huelen an zesummesetze besser op der Säit lossen, och wann et normalerweis esou ass, oder et muss een d'Ausnahmen déi net normal sinn mat opzielen, fir enzyklopedesch korrekt ze sinn.

Les Meloures 21:04, 23. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]


Remoien,
Souwäit ech weess kënne bei ville Serië méi Aotomotricen unneneegekrämpt ginn. Gëtt et do Ausnahme bei deenen dat net méiglech ass?
Les Meloures 22:17, 23. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Laut der Definitioun an eisem Artikel ass de "Westwagon" eng Automotrice. Op der Websäit www.rail.lu gëtt de "Westwagon" ëmmer a nëmmen als Autorail tituléiert. Gëtt et dofir eng Erklärung? --Pecalux 15:48, 3. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,
Ech hat mer déi Fro och scho gestallt. Dofir wier ech frou fir gewuer ze ginn, wou een déi lëtzebuergesch Definitioun ka fannen.
Les Meloures 16:08, 3. Mee 2010 (UTC)[äntweren]