Diskussioun:Béier (Gedrénks)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Die Stärke (beim Béier, an de Gromperen a bei der Wäsch) ass op L. "d'Steiff" (weiblech) --Cornischong 13:45, 30 Juli 2005 (UTC)

Gebraddels als Genossmëttel[Quelltext änneren]

"Vue datt de Béier generell ausschließlech natiirlech Matièren enthält, kann een behaapten dass ët een absolut gesond Gedrënks ass... wann een en an Moossen genéisst. Et ass onbestridden dass Béier optimal géint den Duuscht ass an besonnesch bei waarmem Wieder en absoluten Genoss ass." Dat Gebraddels do wäerte mer awer hoffentlech net méi laang genéissen. --Cornischong 17:54, 21 September 2006 (UTC)

Cornischong, ech muss där dach wuel net soen, dass braddele schéin, läschen awer besser ass?! ;-) --Zinneke

Brauche mer hei keng Homonymies-Säit Fir deen ee Béier an deen aaneren Les Meloures 19:17, 21 September 2006 (UTC)

Dach. --Cornischong 20:15, 21 September 2006 (UTC)

Deen Artikel ass dach eigentlech Brach, oder? Ech ginn zwar elo erem géint mäi Prinzip datt ech mech net an aner Leit hier Artikele wëll amëschen, mee dat ass méi staark wéi esch. -- Myriam 21:22, 21 September 2006 (UTC)

Ech sinn nach nët esou lang op der lëtzebuerger Wikipedia awer ech sinn mat de Madamm oder Joffer Myriam d'accord et hätt eigentlech misste fir d'eischt een Artikel iwwer Brach gemeet ginn schliisslech gëtt méi Brach gesabbelt wéi Béier gedronk :-) :-) :-) Nilrom 21:31, 21 September 2006 (UTC)

Vläicht wëll si daat maachen de roude Link ass schons do a si brauch nëmmen ze klicken a wäider ze fueren

Wat ass Brach? --Cornischong 21:46, 21 September 2006 (UTC)

Eierlech gesot weess du dat bestëmmt besser wéi ech, oder? Huet zwar näischt mat Béier ze dinn, mee dat deen Artikel hei och net vill mat Béier ze dinn huet weess du och, oder? Myriam 21:53, 21 September 2006 (UTC)

Ech hu mer den Artikel emol genee ugekuckt an zwar Zeil vir Zeil, do steet neisch anescht dran wéi Saachen déi mat Béier ze dinn hunn. Durfir verstinn ech nët firwaat dass de User Myriam mengt den Artikel hätt näischt mat Béier ze dinn. Iwwer waat misst da geschriww ginn fir dass et eppes mat Béier ze dinn huet. Lo sinn ech bei deem Geschreiws duuschtereg ginn a gi mol kucke waat de Wiert vum Béier weess. Nilrom 22:20, 21 September 2006 (UTC)

De verstoppte Pissoir[Quelltext änneren]

Déi Foto vum verstoppte Pissoir kéinte mer vläicht duerch eng vun engem Humpen, engem Béierfaass, oder ... ersetzen, mengt de --Cornischong 10:10, 6 Oktober 2007 (UTC)