Diskussioun:Faillite

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Diskussioun:Bankrott)

A waat ass matt Faillite ech denken deen Ausdrock ass zu Lëtzebuerg méi geleefeg. Den DFL gëtt deen och als Iwwersetzung un Les Meloures 00:12, 13 November 2006 (UTC)

Irtum mengersäits Bankrott ass och opgefouert mee d'Definitioun ass nach nozekucken Les Meloures 00:19, 13 November 2006 (UTC)

Eng Faillite, vill Faillitten, Faillite goen. --Cornischong 00:29, 13 November 2006 (UTC)

Wat heescht "till futher notice"? --Cornischong 00:51, 13 November 2006 (UTC)

"till futher notice" -> bis op Weideres, bis eppes Neies bekannt gëtt. Ech selwer benotzen déi zwee Begrëffer, an déi zwee stinn am DLW. Dat ass wuel ee vun de Fäll déi de Lex Roth mer eemol erzielt huet, wou et sou oder sou kee richtegt lëtzebuergescht Wuert benotzt gëtt, déi eng tendéieren éischter zu eisen däitschen Nopere mat Bankrott (woubäi och bei de Fransouse banqueroute geleefeg ass), déi aner hunn et éischter mam franséische Faillite. Sou oder sou kënnt Bankrott eigentlech aus dem Italieeneschen (wéi et och am Artikel steet) an ass also weder däitsch nach franséisch. Ech denke mat engen einfache Redirect vu Faillite op Bankrott dierft do net wierklech e Problem sinn. --βρισεισDisk 04:30, 13 November 2006 (UTC)

futher[Quelltext änneren]

Ech hu virun 35 Joer english geléiert an duerno net méi vill benotzt mä dat Wuert futher kennen ech net. Ech hunn och an zwéin alen Dictionnäre gekuckt an et och net fonnt. A wat fir engem neie steet dat dran. Da ginn ech mer dee séier kafen. Et wellt ee jo net domm stierwen :-) Les Meloures 06:03, 13 November 2006 (UTC)

Ech wees dass et fuRther misst sinn, bei denen ass et wuel e bësse séier gaangen an der Fënster :) Et war dat eenzegt Bild wat ech iwwerhaapt fonnt hunn, an de Cornischong ass jo ëmmer sou frou mat Illustratiounen :) --βρισεισDisk 21:32, 13 November 2006 (UTC)

Bankrott / banqueroute / faillite[Quelltext änneren]

Daat ass eng ganz quokleg Saach. Mä wa schon ënnen um Spaweck de Link op d'Faillite ass da géif ech och den Artikel sou nennen.
Ze bemierken ass zwar dass do neischt dra steet wéi d'Prozedur ass wann ee Staat bankrott mécht. Et wier och interessant ze wëssen op dat scho virkomm ass a wat dorops hi geschitt ass. Wann dat awer nëmmen sollt hypothetesch sinn da wier et vläicht besser sou eng Erklärung an der Täsch ze halen oder wéinstens bemierken datt dat theoreetesch och kéint de Fall sinn, an d'Rechtslag vun deem Stat dann uginn an sou engem Fall.
A Frankräich gëtt och sou wéit wéi ech weess wéinstens der Définitioun no den Ënnerscheed gemaach tëschent der banqueroute an der faillite. D'Äis schengt bei deene méi dënn ze sinn. Les Meloures 06:27, 13 November 2006 (UTC)

Ech si kee Finanzprofi. Ausser enger D am Lycée (also Eco-Sektioun) hunn ech ni méi eppes doranner gemaach. Ech bastele jo um Artikel vun der Franséischer Revolutioun, an am Moment probéieren ech, sou mann wéi méiglech rout Linken dran ze hunn. An eent vun de Wierder war "Bankrott". Well ech awer net wëll Skizze vun 2 Wierder hunn, just datt an deem aneren Artikel alles blo ass, probéieren ech ëmmer einegermoossen eegestänneg Artikelen ze kréien, quitt dass ee bei villen (wéi och bei dësem) natierlech Saache misst derbäisetzen, virun allem wéi d'Situatioun zu Lëtzebuerg ass asw. An do kënnt e Punkt dass ech Geschichtler sinn, a keen Economist, an do hält mäi Latäin dann op :) Mee mir si jo net fir näischt eng Wiki: wat net passt, duerf gäere geännert ginn :) --βρισεισDisk 21:35, 13 November 2006 (UTC)

Beroueg dech emol. Dëst gesäit vläicht aus wéi wann e puer Béiser rose wieren, datt si deen Artikel net hunn dierfe schreiwen. Vläicht fanne se en aneren :-) An dat mat der Foto: Du gëss jo net responsabel gamaach fir Schreiffeeler op der Foto. Leider sinn deeër hei am Land net de Brauch. (Bei der Terreur steet nach eng Fro op, déi e Firwëtzege virun e puer Deeg gestallt hat) --Cornischong 21:56, 13 November 2006 (UTC)
Ech si ganz roueg, den Text war voller Smileys :) --βρισεισDisk 00:45, 14 November 2006 (UTC)

Bemierkung zum Bild[Quelltext änneren]

Dat Bild seet neischt iwwer Bankrott aus. Sou eng Affiche kann och aus enger anerer Ursaach an der Fënster hänken. Oder ass daat an England oder an Amerika verbued fir deen Text fir eng aner Ursaach ze benotzen. Méiglech ass jo alles. Dat géif dann och vläicht futher erklären. Les Meloures 06:36, 13 November 2006 (UTC)

Ech giff och d'Bild eraushuelen. "Futher" ass en Hiwäis doropper, dass et huet misse séier goen: et sollt "further" heeschen...--Zinneke 15:20, 13 November 2006 (UTC)