Diskussioun:Beiefrësser

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Et léich no, dat Déierche "Beiefrësser" ze nennen; et schéngt es awer, wéi wann et kee lëtzebuergeschen Numm hätt, well et et bis viru kuerzem net am Land gouf.--Zinneke (Diskussioun) 16:42, 27. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

Wann ech esou googgelen da mierken ech datt en etlech Naturfotografen de Villchen och Beiefrësser nennen. Deemno schéngt dat Wuert jo mol bekannt ze sinn, an och a verschiddene Kresser agerass ze sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 17:13, 27. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech froen emol bei 'eisen' Ornithologen no. --Cayambe (Diskussioun) 20:41, 27. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]
Merci där zwéin. Ech hunn allerdéngs just eng Foto fonnt (op e puer Siten), déi "Beiefrësser" heescht an op där och een ze gesinn ass. Fir d'Saach net méi einfach ze maachen: Am Klees senge 'Lux. Tiernamen' steet de "Beiefrësser" (Merops apiaster) dran, am 'Luxemburger Wörterbuch' do dergéint steet wuel e Beiefrësser, allerdéngs wier dat de «grauer Fliegenfänger, muscicapa griseola» - cf. http://engelmann.uni.lu:8080/portal/WBB2009/LWB/wbgui_py?lemid=HB00973 ...

De Groe Méckefänkert an de Beiefrësser[Quelltext änneren]

Auszuch aus dem Luxemburger Wörterbuch: Beiefrësser M.: «grauer Fliegenfänger, muscicapa griseola» (seines Rufes wegen auch Izéckelchen genannt);

1. Muscicapa striata ass deen haut 'validen' Numm (am Sënn vun der Zoologescher Nomenklatur) vun der Aart déi am Lux. Wörterbucg gemengt ass. M. griseola ass ee vun deenen net méi gültegen Nimm vun der Aart (wëll elo net erkläre firwat). An de Vögel Luxemburgs - d'Referenz fir d'Vigel zu Lëtzebuerg - heescht dee Villche Groe Méckefänkert. Woubäi mer mMn bleiwe sollen.

2. De Merops apiaster, de:Bienenfresser, gëtt kurant vun de lëtzebuergeschen Ornithologe Beiefrësser genannt. Dësen Numm ass um Spaweck dokumentéiert: kuckt z.B. hei op der Säit vun den Lëtzebuerger Naturfoto-Frënn. An de Vögel Luxemburgs gëtt awer kee lëtzebuergeschen Numm genannt.

Konklusioun: ech proposéieren de Merops apiaster op Beiefrësser ze réckelen, dat well deen Numm dokumentéiert ass, wann och nëmmen um Spaweck, dat awer vu Leit déi sech mat Vigel ofginn. --Cayambe (Diskussioun) 22:45, 27. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

Merci! Ech schmäissen direkt d'Réckelmaschinn un. --Zinneke (Diskussioun) 23:31, 27. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]