Diskussioun:Bessemer-Bier

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Diskussioun:Bessemer-Bir)

Gudde moien

No der Erfindung vum Linz-Donawitz-Konverter 1952 goufen d'Bessemer-Bieren no an no ofgeschaaft.

Ech hu gemengt si wieren ofgeschaft gi, wéi den Thomas-Konverter an den Asatz koum. Les Meloures 11:13, 11 Mee 2007 (UTC)

Tjo, mam Mengen ass dat esou eng Saach: Eis Kollegen aus der de-Wiki mengen zwou Saachen: Am "Thomas-Verfahren": "Das Thomasverfahren wurde durch das Linz-Donawitz-Verfahren abgelöst." an am "Bessemerbirne": "Die Bessemerbirne wird heute nicht mehr verwendet, das Verfahren wurde durch den aufblasenden Konverter im LD-Verfahren ersetzt." Wann ech emol "eng Kéier Zäit fannen" kucken ech dat no. --Cornischong 11:31, 11 Mee 2007 (UTC)

Rebonjour
Jo do ass de Clinch mat den Däitschen déi net sou vill mat Thomasbiere geschafft hunn, well déi net sou vill phosphorräicht Eisen haten. Ech gesinn datt eis d'Explicatiounen entweder am Artikel Stolindustrie feelen, oder datt een Artikel Metallurgie zu Lëtzebuerg feelt. Mee wat net ass kann nach ginn. Les Meloures 12:06, 11 Mee 2007 (UTC)