Diskussioun:Bieles

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Do hunn ech jo gemengt ech géif hei eppes bäisteieren, dat weise kënnt, wou mer an der Géologie Begrëffer falsch asetzen, a schons hudd Dir M. "Les Meloures" di Saach erausgehäit (an dat alles ouni Warnung).
Wat hunn ech dann elo falsch gemaach? Ech hätt sollen eng Diskussioun ufänken? :-) Ass mer awer net direkt bäigefall, ech sinn esou gutt ewéi nach e kompletten Noviz als Mataarbechter deen esou e komplexen Apparat wéi "Wiki" nach net duerchkuckt.
Datt ech e bësselche wäit gegraff hunn, mat dem "bassin-ferrifère-lorrain", en exakten Titel vun enger louthrengescher Säit, (wat e Link gi sollt :-), awer nach net komplett fäerdeg woar), ka scho sin. Ech wollt eigentlech déi Säit Bieles emol richteg ausbauen, schliisslech sinn ech e Minettsdapp, hun zu Bieles 17 Joer Schoul gehal, eng ~20 Artikele fir Broschüren an der Gemeng Suessem geschriwwen a weess wouvun ech schreiwen a schwätzen. Ech soen awer och, datt ech net H. G. Gengler sinn.
Wa mer awer elo esou virufueren, dann halen ech direkt op! Ech wollt och bei "Verschiddenes" dëst an dat bäisetzen, hunn dann och nach eng 20 verschidde Varianten fir den Toponym "Bieles" déi bis elo net bekannt sinn.... mat engem Extrait aus engem Text an deem de lëtzebuergeschen Numm fir Bieles fir d'éischte Kéier an der Literatur virkënnt.
Fir d'Kiirchegeschicht hunn ech di (nobäi) komplett "Series Pastorum" ze presentéieren a.s.w. arachnaeus 17:18, 4. Okt. 2010 (UTC)


Gudde Moien a Merci fir d'Mataarbecht.
U sech gouf näischt erausgehäit. Et gouf just an e bësselche méi en enzyklopedesche Stil gesat. Beispill: Et ass an enger Enzyklopedie egal op een iwwer ee Plateau spadséiere geet oder driwwer leeft, fir seng Beschreiwung ze maachen.
Deen Deel dee verschwonnen ass, gouf an den Artikel Minettsgéigend agebaut, wou e besser doheem ass. Dat ass och am Kommentar vun der Verännerung niddergeschriwwen.
Op der Wikipedia gëtt et och keen Artikel deen eng Chasse gardée ass. All Informatioun déi richteg ass, ass wëllkomm.
Les Meloures 18:01, 4. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]

Schéin, verstan![Quelltext änneren]


Ech sinn éischter e Romancier an esou Fäll wéi nëmme Lexikolog oder Enzykloped :-). Déi kënne mer mol gehéierlech dréche sinn.
Hunn dee "verschwonnenen Deel" an der Tëschenzäit och "eremfont". Muss awer bemiirken, datt elo e Sënnfeeler dran ass, oder méi graff, eng richteg falsch Info: [Minettsbassin franséischen Deel] am Ganze 94.000 ha, wovunner 305 ha an der Belsch leien, an 3.670 ha um Lëtzebuerger Territoire. Dat ass falsch. 94000 ha si frans., 305 si belsch, an di aner 3670 ha si lëtzebuergesch. Zesumme mecht dat 97975 ha (nom fr. site). De Lëtzebuerger Auteur, deen ech nach an d'Bibliographie aschreiwe/bäiflécke wollt/sollt (koum awer viru mëtteg net méi derzou) schreift vun am Ganzen 106000 ha am Dräilännereck. Ech hu mer e Sproch verhalen: En Zitat aus dem Kontext erausgerappt gëtt eng falsch Informatioun. :-)
Da fir mech eng

Prinzipiefro[Quelltext änneren]


wat d'Lëtzebuergesch ugeet: et ass komplett egal ob ech Bassin oder Baseng schreiwen, ech hale mech domatt un e Blat "eis Schreifweis an e puer allgemeng Gedanken kuerz an einfach explizéiert vum Lex Roth nom "règlement grand-ducal" vum 30.07.99..". Do steet am Kapitel friem Wierder dat hei: mir kënnen äis et duerch eis Sprooche-Situatioun "leeschten", friem Wierder d'selwecht wéi an der Originalsprooch ze schreiwen; dat gëtt bestëmmt och manner Verkueblerei an eise Schoulen.
Als ale Schoulmeeschter / Schoulmääschter weess ech wouru mäi Kolleg Lex do denkt.
arachnaeus 18:54, 4. Okt. 2010 (UTC)


Gudde Moien,
Wou mer mat onse Sproochmatessen dru sinn, hu mer hei op der Wiki schonns en etlechmol erausfonnt. Do sinn der derbäi déi bei all klengem Wandstouss hire Fändel direkt matdréinen. Einfach emol verschidden Editioune vum J.Braun vergläichen. Hei fuere mer nom Prinzip datt wann et e lëtzebuergescht Wuert fir e Begrëff gëtt, da soll dat gebraucht ginn. Les Meloures 19:21, 4. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]


An der Literatur iwert d'Exploitatioun vun der Minett am Grand-Duché vu Lëtzebuerg, gëtt vum "lothringisch-luxemburgischen Becken" geschwat.. Dëse Minette-Bassin gëtt agedeelt an de "bassin de Briey", de "bassin de Metz-Thionville", de "bassin" de Longwy, zesumme 94000 ha; 305 ha leien an der Belsch, 3670 ha bannent de Grenze vum Grand-Duché.
Bei dëser Ausso geet net kloer ervir datt mat de 94.000 ha nëmmen déi franséisch gemengt sinn. Soss hätt ech dat nämlech net falsch verstanen. Do gëtt vum lothringisch-luxemburgischen Becken geschwat. Da gëtt gesot dëse Minette-Bassin gëtt agedeelt, mat als Resultat 94.000 ha. Dorausser kann een net schlussfolgeren datt de belschen Deel an de lëtzebuergeschen net zu deene 94.000 gehéieren. Les Meloures 19:34, 4. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]