Diskussioun:Bloodline

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

(Fabrik war richteg et kann een och Fabrick oder Fabréck soen) Op wat baséiere mer ons bei där Ausso.?? --Les Meloures (Diskussioun) 14:25, 27. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]

Op LOD. - Johnny Chicago (Diskussioun) 14:31, 27. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]


Sech op den LOD ze baséieren wann aner Dictionairen (op d'mannst dräi anerer) Fabréck soen ass net déi bescht Léisung. Den LOD ass nach laang net fäerdeg an et gëtt nach permanent dru verbessert. En etlech Verbesserunge goufen do schonn op Propositioun vun e puer Wikipediamataarbechter gemaach. Déi hei wäert dann och nach nokommen. Op der ganzer lb. Wiki gëtt Fabréck gebraucht ausser an däitschen Texter.
Nodeem ech dann elo och um LOD nogekuckt hunn, hunn ech festgestallt datt deen och ganz kloer Fabréck als Haaptlemma ugëtt an déi aner nëmmen als Varianten opféiert. Dat ass de Problem beim LOD wéi mer schonn an aneren Diskussioune festgestallt hunn. Den LOD wëll ëm Gottebiddeswëlle keen op d'Féiss trëppelen a schafft dofir mat Varianten, mä soss happert et hannen a fir. Wéi den F.S. schonn hei an a sengem Zeitungsartikele sot: De Sproochekommitee huet net vill courage an der Box fir sech z'entscheeden. Et ass warscheinlech och net ëmsoss datt se bei LODees ämgaange sinn ëmzebauen. --Les Meloures (Diskussioun) 15:14, 27. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]