Diskussioun:Bommeleeër

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

RTL Télé Lëtzebuerg huet ugekënnegt, eng Dokumentar-Serie iwwert de Bommeleeër ze weisen. En Dënschden 12. Abrëll 2005 um 19:45 soll deen éischte Bäitrag gewise ginn. Déi aner kommen no, au fur et à mesure wéi och de Bommeleeër ëmmer nees zougeschloen huet (d.h. also op e puer Méint verspreet). Vu datt dann erëm all Mënsch dovunner schwätze wäert, wier dat net eng gutt Geleeënheet, fir dann och eisen Artikel e wéineg weider auszeschaffen? --Otets 17:20, 10 Abr 2005 (UTC)

@Zinneke. Salut. Ech hat d'Sendung vun haut gekuckt, gouf awer vu mengem Gedäerms heiandsdo vum Billerradio ewechgehal. Do war nach d'Ried opkomm vun der Läich vum "Detektiv", déi eréischt viru Kuerzem fonnt gouf, an dat nach ouni Kapp. Wanns du dat besser matkritt hues, dann ziel mär dat. Merci. --Cornischong 22:14, 12 Abr 2005 (UTC)

RTL huet e ganzen Dossier iwwert d'Affär op hirer Homepage verëffentlecht. Do kannst du der och de Fernseesbäitrag eroflueden. --195.46.247.172 02:00, 13 Abr 2005 (UTC)

"detektiv"[Quelltext änneren]

moie cornichong,

ma dee gudde mann huet an engem buerschenter appartementsblock gewunnt (nimm vum mann a vumn der "résidence" am clip vun rtl), wou den aussoe vun den awunner no, "d'police méi dacks huet misse laangscht kucke goen". et schéint, wéi wann hien sech zum "hobby" gemaach hätt, "mysteriéise geschichten" do nozegoen (am thoma sengem reportage sinn handschrëftlech notitzen ageblennt ginn, déi vun him gewiescht wieren). virun 20 joer war de mann op eemol verschwonn, d'leit hu gemengt, hie wier vläit an d'aussland geplënnert. d'lescht joer hun touristen mënschlech reschter zu buerschent am bësch font (ouni de kapp!), déi wéinst engem rank matt initialen als dee besote monsieur identifizéiert goufen. et brauch een net wäit sichen ze goen, fir unzehuelen, hie wier "aus dem wee geraumt" ginn, well en zevill erausfond gehat hätt...

gutt besserung wënscht de --Zinneke 06:40, 13 Abr 2005 (UTC)

Wien wiem? him him[Quelltext änneren]

"an dem Zeien aus der Reportage ubitt, mat him ze schwätzen an him déi Observatioune matzedeelen." - Den Här Juncker deelt also dem Zeie seng Observatioune dem Zeie mat. Interessant, interessant! --Cornischong 12:06, 12 Nov 2005 (UTC)

Dem Buby seng Trap[Quelltext änneren]

Soll dat eng verstoppte Bomm gewiescht sinn (boobytrap), da kéint een dat "verstoppte Bomm" nennen oder war et eppes Anescht? An: War déi lass gaang (wann et eng war) oder net? --Cornischong 10:01, 18 November 2005 (UTC)

"17. Februar 1986: Notaire Hellinckx, um Cents" a "25. März 1986: Colonel Wagner, Belair" - Wat war dann do geschitt? "... Interview sybillesch gemengt ..": sybillesch kënnt mer e bësse "speziell" vir. --Cornischong 22:42, 18 November 2005 (UTC)

Verdächegungen[Quelltext änneren]

Wier et net prinzipiell interessant, se soen, daat "all Mensch" en "Decken", dh. en Member vun der grousherzoglecher Famill, verdächtegt? --195.218.5.221

Net all Mënsch. Et sinn der och déi eegen Theorien entwéckelt hunn a mengen et wieren héijer vun der Police/Gendarmerie, een aus der Psychiatrie, Bouwen aus guttsituéierte Familljen, etc. --Otets 12:17, 27 Dezember 2005 (UTC)

eng ganz komesch Situattioun[Quelltext änneren]

Dat Ganzt get no an no emmer méi eng komesch Situatioun!

De ganzen Informatiounsvakuum léist emmer méi Plaatz fir ganz obskur Spekulatiounen. Et gin Enquête gefouert; et kennt awer nie eppes eraus! Et gin Reibertricken op RTL erzielt wou nie eng offiziell Stellungnahm kennt, ..... a vill Leit wessen eppes ze erzielen ....


Et get en den (bis dohin latent ennerschwellechen Androck) net lass, dass do eppes verstopt get. An d'Reportagen op RTL ennerstetzen den Androck.

E groussen Del vun der Polulatioun ass der Iwwerzegung, dass hei en oder méi "Decke" verstoppt get. An deer ganzer Situatioun ass zimmlech vill Sprengstoff dran an dréit zu enger emmer méi grousser méfiance vun der Polulatioun bei; .... an et muss elo eng Erklärung kommen ...

Wat fir eng Roll spillt RTL heidrann?

Wéi weit ass dat do net en Nospill vun esou Presseprozesser wéi Roehmen/Wolter ... wou d'Press elo méi wéi je seng Pflichten als Obklärer iwwerhelt... an sech net roueg hällt?

Wat ass är Menung?


E leschte Gedanken: Stellt iech emol fir, et géif sech eng vun den Theorien (oder eng änlech) als richteg erweisen: héich Kreesser vun der Force Publique wieren inwolwéiert an ewentuell och den Haff an dat Ganzt géif publique gin (an géif un d'international Press goen)! Dat wier definitiv keng gudd Reklamm fir d'Bankeplaatz Letzebuerg! Et brengt keng confiance wann publique get dass esou eppes an dem Land méigelech ass an 20 Joer verstopt get. --Purcell

Et sot jo ni een, bäi RTL hätte se d'Intelligenz mat de Läffele gefriess. --Otets 20:51, 29 Dezember 2005 (UTC)

Alles logesch oder wéi?[Quelltext änneren]

Huet net all Vollek déi Medien (Zeitungen, Radio an Tëlee), déi et verdéngt (well jidderee ka jo dat Blietche kafen, an dee Radiosender lauschteren, an deen Tëleeprogramm kucken, deen hien interessant fënnt), an déi Legislativ, déi et (selwer a geheime Wahle) gewielt huet? D'Leit musse wuel zefridde si mat deene Medien a Politiker, déi et hei am Land gëtt, soss hätten se déi schonns "falegelooss", oder net? A wa mer schonns an der Wikipedia sinn: Firwat huet eng "fräi Enzyklopedia" et hei am Land esou schwéier fir Mataarbechter ze fannen? Ass et villäicht well een do aus der Fotell muss eraus, an dat Déngen uschalten, wat bei hirer Gebuert nach uewen am Kapp war?? --Cornischong 21:10, 29 Dezember 2005 (UTC)

d'Roll vum RTL????[Quelltext änneren]

Wann een den Artikel vum Josy Lorent am Wort vum 4ten Dezember gelies huet, dann kann een sech schon berechtegt Froen stellen. Ennert dem Titel: "Wo stahl der Bommeleeër den Sprengstoff?" zitt de Josy Lorent net nëmmen parallelen mat verschiddenen Sprengstoffdéifställ an der Groussregioum an de Joeren 1984-1985, mee e gëtt och eng Informatioun déi vun RTL an den Autoritéiten konsequent doutgeschwiegen gëtt: Dat éischten Bommenattentat war schon den 3ten Juni 1984 an viséiert war keen aneren wéi den RTL. Komesch as och, dat soubal an der Öffentlëschkeet iwwert dëst éischt Attentat diskutéiert gëtt, déi ganz Saach ganz séier an d'Lächerlecht gezunn gëtt.


Zitat d'Wort 4 Dezember 2005: << In der Nacht zum Sonntag, dem 3. Juni 1984, sprengten unbekannte Täter einen zwischen den Ortschaften Beidweiler und Brouch stehenden Mast der von Heisdorf nach Wecker führenden Hochspannungsleitung (65 000 Volt) in die Luft. Dieses Attentat geschah knapp drei Tage vor der Einweihung des neuen Gesellschaftssitzes der Cegedel am 5. Juni in Strassen und zwei Wochen vor den Parlamentswahlen vom 17 . Juni.

Direkt betroffen von diesem Anschlag waren die RTL-Anlagen in Beidweiler, die das französischsprachige Langwellenprogramm ausstrahlten. Es handelte sich hierbei um die damals stärkste Sendestation und das ertragsreichste Programm des Luxemburger Kommerzfunkes. Die Folge des Sprengstoffattentates war eine mehrminütige Unterbrechung des Radioprogrammes, bis das Notstromaggregat die Stromversorgung sicherstellen konnte .

In einer kurzen offiziellen Verlautbarung zu diesem Vorfall hieß es: "Trotz dieses Anschlages konnten die betroffenen Stromabnehmer (darunter auch die RTL-Anlagen in Beidweiler) binnen kürzester Zeit wieder mit Elektrizität versorgt werden ." Dies mag wegen der Einspeisung durch eine Ringleitung der Fall gewesen sein, doch verhielt es sich, unseren Informationen zufolge aber so, dass ein RTL-Angestellter , der nach Schichtwechsel am frühen Morgen in Richtung Hemstal heimwärts fuhr, den umgeknickten Mast bemerkte und daraufhin telephonisch die Cegedel benachrichtigte .

Fehlgeschlagene Versuche? Möglicherweise war der Anschlag bereits an den Tagen vorher versucht worden , denn die diensthabenden RTL-Angestellten sollen zu nächtlicher Stunde Lampen und Fahrzeuge in der Gegend der später gesprengten Hochspannungsleitung bemerkt haben. Ein leitender Mitarbeiter der Radiostation soll übrigens dem Personal erklärt haben, der Anschlag sei gegen RTL gemünzt gewesen, und es zum Schweigen angewiesen haben. Gilt diese Schweigepflicht in eigener Sache eventuell auch noch für die heute ermittelnden RTL-Journalisten?

Ergebnislose Untersuchungen? Von offizieller Seite verlautete lakonisch, die Gendarmerie Junglinster und der Öffentliche Sicherheitsdienst hätten zur Aufklärung der Straftat eine Untersuchung eingeleitet. Auch seien die Gerichtsbehörden am Vormittag des 3 . Juni 1984 am Ort des Geschehens gewesen.

Über eine Aufklärung dieses ersten Sprengstoffanschlages ist uns nichts bekannt, so dass angenommen werden kann, dass diese Ermittlungen (bisher) ebenso ergebnislos verliefen wie diejenigen über die Attentatsserie in den Jahren 1985 /86. Oder wurde etwa auf untersuchungsrichterlicher Ebene keine Verbindung zwischen den sich trotz allem ähnelnden Anschlägen hergestellt? >> Zitat erriwwer. Voltaire 16:30, 10 Februar 2006 (UTC)

170.000.000 FLux Entschiedegung vir d'Bommenattentater[Quelltext änneren]

Hei as den Orginaltext vun dem Dokument wat am Investigateur vum 1. Dezember 2005 op der Säit 3 ofgedrëckt gi wor:


Zitat:

Monsieur le député

MEHLEN Robert

9, rue de la Loge

L-1945 Luxembourg


conc. " Le BOMMELEER "


Monsieur le Député,


Suivant les dires d'un haut fonctionnaire de la CEGEDEL,

deux familles luxembourgeoises auraient déjà payé, il y

a 17-18 ans, 2 fois le montant de 85.000.000- frlux.


Bien à vous.


Zitat Enn

Matdeelung vum Parquet[Quelltext änneren]

Sou intressant dee Communiqué ass: Aus formelle Grënn wier et besser, déi wichtegst Aussoen op Lëtzebuergesch zesummenzefaassen an e Link op d'Quell (mam vollstännege franséischen Text) ze setzen. --Zinneke 09:33, 23 Februar 2006 (UTC)

An engem anere Fall wier dat absolut kloer. An dësem ass scho genuch "gekierzt" ginn. Ech wéilt net dru kniwwele goen, well den Text gëtt nëmmen integral e Sënn. Fir Extraiten op Lëtzebuergesch dernieft ze setzen ass natierlech gutt, mee fir e verpiddelten Text hei ze weisen, fannen ech an esou engem wichtegen Text eng Verfälschung. Plaz hu mer, an ech weess net, wou de Parquet den Text um Spaweck stoen huet. An: Wa schonns eng Kéier eppes integral publizéiert gëtt. Leider ass de Rescht vun Artikel guer net aktuell, well kee sech drëm këmmert. D'Perfektioun brauch seng Zäit. --Cornischong 09:54, 23 Februar 2006 (UTC)

Ech weess elo net vu wou s du däin Text eriwwerkopéiert hues, mee e fënnt sech op alle Fall och am Pressebulletin vun der Police op deer hirer Säit ([1]). Deemno steet der Realisatioun vum Zinneke sengem Virschlag näischt méi am Wee. --Otets 13:20, 23 Februar 2006 (UTC)

Amplaz hei Texter ze kierzen, an domat ze verfälschen, (oder se ze verlinken, an am Fall wou den Text um Spaweck "verschwënnt", guer näischt méi ze hunn, op dat ee sech stäipe kann) wier et sécher besser dem Gaston Vogel seng "onheemlech" däitlech Stellungnam drënnerzesetzen am Original (!!) an nëmme net zesummegefaasst. --Cornischong 02:16, 25 Februar 2006 (UTC)

Zesummefaassen ass jo net onbedingt kierzen, wou effektiv de Sënn drënner leide kéint. A sollt eppes um Spaweck verschwannen dann hu mer et jo nach hei am Historique, et geet also näicht verluer. An déi lëtzebuergesch Wikipedia kënne mer nu mol per Definitioun net op Franséisch schreiwen, e Link ass do nach déi elegantest Léisung. --Otets 12:41, 25 Februar 2006 (UTC)

Also wann ech den Otets richteg verstinn hun ech besser opzehalen lëtzebuerger Auteuren an d'Wiki ze schreiwen, well wann ech en Text vun engem Lëtzebuerger Auteur den op däitsch oder franséisch schreiwt well zitéieren, muss ech deen Text op lëtzebuergesch iwersetzen, well ech jo par Definitioun näischt op franséisch oder däitsch daarf an d'Lëtzebuerger Wiki schreiwen. JHarker 16:59, 25 Februar 2006 (UTC)

Kuerz Zitater aus literaresche Wierker sinn natierlech eng Ausnam, déi hat an dësem Kontext keen am Sënn. Fir de Rescht kann ech berouegen datt d'Police zënter Juli 2003 all d'Communiquéen op hirem Site archivéiert. --Otets 16:18, 27 Februar 2006 (UTC)

Interview mam Maître Gaston Vogel[Quelltext änneren]

Ech hun da lo mol den Interview mam Gaston Vogel oofgetippt a bäigesaat. Ech wees, dass net alles richteg geschriwen ass, mee ech hun et sou getippt wéi den Här Vogel et soot. Ech hu mer allerdengs d'Fro gestallt, ob et net besser ass, wann een all déi eh'en eweg léisst. Och wann et dann net méi den original Inhalt ass, liest et secher awer villäicht besser... --Fred 02:22, 5 Mäerz 2006 (UTC)

Da misst een sech awer och froën ob mer net besser hunn d'Schreiffeeler gläich matt ze verbesseren? Myriam 11:43, 6 Mäerz 2006 (UTC)
Da misst ee sech froen wéi et kënnt, datt ee Schreifeeler gesäit, se net verbessert an d'Fro stellt ob mer net besser hunn d'Schreiffeeler gläich matt ze verbesseren? Esou gesinn, geheit dat de Problem op, wann d'Schreiffeeler "gläich" mat verbessert ginn, da ginn et keng méi!! A wa matt geschirwwe gëtt, an ët geet net ëm Schach, da kéint een et "mat" engem "t" schreiwen, well da wier et gläich mat verbessert, oder sou. Domat ass bewisen, datt Schreiffeeler, déi gläich (also beim Schreiwen) verbessert ginn, eng Definitioun onméiglech maachen, an dofir musse gemaach ginn!! --Cornischong 12:24, 6 Mäerz 2006 (UTC)

Musse mer elo net och dem Premier seng Reaktioun an engem RTL Interview op dem Me Vogel seng Stellungnam integral transcrivéieren?
Wann een alles Gebraddels an déi reng perséinlech Meenung vum Me Vogel ewechléisst, da bleift just den Avis juridique datt de Communiqué mat deem de Prënz entlaascht gëtt "eng Violatioun vum Secret d'Instruction" wier, well et hätt ee misste "waarde bis d'Enquête färdeg ass a bis een en non-lieu kritt huet vun der Chambre du Conseil, an da kann een deen non-lieu ëffentlech man".
Fir de Rescht huet de Me Vogel op sengem Bäitrag zum Interview d'Droits d'auteur an ouni seng schrëftlech Autorisatioun dierfe mer u sech deen Interview hei net representéieren. --Otets 14:39, 6 Mäerz 2006 (UTC)

ech ginn dem Otets recht, ech wees net firwat deen Interview esou eng grouss Bedéitung soll hunn, well dem G. Vogel seng perséinlech Usiicht huet am Fong keng Relevanz an deer ganzer Affär, ech genausougutt e Statement vu mir hischreiwen a soen de Marcus vun Wiki fënnt dat bla bla bla an all déi amer User natierlech och, domat kréie mer zwar grouss Artikelen mee op den enzyklopedeschen Informatiounsgehalt doduerch méi grouss gëtt bezweifelen ech.--Marcus 14:59, 6 Mäerz 2006 (UTC)

Is there someone who speeks German and can write more on Bombenlegeraffäre? --Martin S.09:51, 15 Abrëll 2006 (UTC)

Hallo Martin S. Jeder spricht hier Deutsch, Französisch und Englisch. Das Problem mit dem Schreiben ist die Zeit. Die Zahl der Benutzer ist "nicht sehr groß". Das Thema ist sehr "verzwickt". --Cornischong 10:49, 15 Abrëll 2006 (UTC)


Demnaechst waert hei[Quelltext änneren]

"Demnaechst waert hei och den DNR Original Text stoen well deen d'Meldung als éischte Sender bruecht huet an RTL erréicht doropshin réagéiert huet." : - Dat ass alles léiw a schéin, mee wéini ass "Demnaechst"? An: Wéi ass et mat der Schreifweis? Mer hunn eis esou gutt un déi offiziell gewinnt. Merci am Viraus. --Cornischong 23:15, 6 November 2006 (UTC)

Wiesou as een Deel vun dem Artikel op Franseich? Ass daat hei net eng Letzebuergesch Wikipedia?????

Ma ganz einfach: well dat den Text vum Parquet ass, an deen ass originalgetrei hei erëm ginn. Sou Texter ginn net iwwersaat soss leeft e Gefor eppes net richteg ze brengen. Les Meloures 01:12, 2 Dezember 2006 (UTC)

Dem Procureur général seng Pressekonferenz vum 25. Novemeber 2007[Quelltext änneren]

... déi een op RTL.lu integral auschtere kann, gëtt esouvill nei Informatiounen, dass deen Arikel hei bal ganz nei geschriwwe muss ginn. Wee wot sech drun? --Zinneke 17:10, 25. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

Passé surcomposé / Doppeltes Perfekt[Quelltext änneren]

"Een Zeien huet am November 2005 och gesot gehat" --> "huet gesot gehat" ass entweder "huet gesot", "hat gesot" oder "sot". Oder as et ok de Passé surcomposé / Doppeltes Perfekt am Lëtzebuergeschen ze schreiwen? 91.37.233.32 12:00, 19. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]