Diskussioun:Bor

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

En Häerz fir déi Domm[Quelltext änneren]

E puer Sätz aus dem Text an e puer Froen aus dem Kapp:
"Bor huet 3 Valenzelektonnen": Dat liest sech gutt, mee wat si "Valenzelektonnen"? Eleng den Ausdrock -tonnen kënnt dem kleng Banausi terribel vir.
"Gay-lussac an Thenard hun et 1808 prepareirt": Wann een den "Joseph Louis Gay-Lussac" kennt, da kann ee sech denken dat "Gay-lussac" en duebele Familljennumm ass. Well net grad jiddereen den "Louis Jacques Thénard" kennt, ka kaum ee sech virstellen, datt déi zwéin "et" 1808 "preparéiert" hunn. Wa mer wëlle wëssen, wat déi zwéi preparéiert hunn, dann fanne mer an Saz virdrun als Lescht d'"Ausgesinn". Da bliederen ech an der däitschsproocheger Wikipedai a liesen "Zusammen mit Louis Jacques Thénard und Davy entdeckte er 1808 das Element Bor." Dat heescht hunn d'Element Bor "entdeckt". Mee do ass nach den Davy. War dat den drëtten? Hei geet net vum "Humphry Davy" (dat hunn ech och missen nosichen!) d'Ried.
"Den Kovalentenradius ass 0.88Å.": Wat de Kovalenteradius ass, dat weess jo jiddereen, mee wat deen A mam Rondel bedeit, ass net iwwerall bekannt. A well de Gebrauch vum Ångström net dem SI-System entsprécht, falen deenen Éischten, déi dat musse liesen, d'Hoer aus.
Dem Bor "seng genau Elektronenkonfiguartion as": All Mënsch ka sech emo vertippen, mee an dësem Fall mengt de Couragéierten, en hätt besser, säin Holleman-Wiberg aus dem Nuetsdësch ze fëschen.
Huet da kee méi Matleed mat deenen Dommen? --Cornischong 17:01, 8 Juli 2006 (UTC)

""Den Kovalentenradius ass 0.88Å.": Wat de Kovalenteradius ass, dat weess jo jiddereen, mee wat deen A mam Rondel bedeit, ass net iwwerall bekannt. A well de Gebrauch vum Ångström net dem SI-System entsprécht, falen deenen Éischten, déi dat musse liesen, d'Hoer aus.
A well de Gebrauch vum Ångström net dem SI-System entsprécht, steet an der däitscher Wiki: Kovalenter Radius 82 pm. Meng Fro: Sinn dat 0.88Å. ?
An der de-Wiki: "+Elektronegativität 2,04 (Pauling-Skala)" Bei eis sinn et der "Elektronegativitéit laut Pauling ass 2,0."
"datt Bor eng Elektronenück huet." Déi géif ech emol gär gesinn. --Cornischong 22:17, 8 Juli 2006 (UTC)

"datt Bor eng Elektronenück huet." Tippfehler beim Verbessere vu ménger Säit... aus Elektronenlück sollt einfach Elektronelück ginn, ouni N... do ass wuel den L dem Delete-Knäppchen zum Affer gefall gewiecht. Beim ganze Rescht: keng Ahnung, ech verstinn net vill vum Artikel, ech hunn e just verwikit. --Briséisβρισεισ 22:47, 8 Juli 2006 (UTC)